Sie sind hier

D'Zukunft vun der EU an der Euro-Zone

News Außenpolitik Eugène Berger

D'EU ass méi wéi Institutiounen

Kloer huet dat institutionellt Gebilde vun der EU Konsequenze politescher Natur, an et ass net falsch och iwwert des Froen nozedenken. Mä dës kënnen net hannert zouenen Diere gekläert ginn, se mussen d'Fro beäntwere wéi d'EU als eenzegaarteg Organisatioun gestreckt ass fir op d'Wënsch vun de Leit anzegoen.

D'EU muss hier Bierger erreechen. D’EU an d’Eurozon si keen Zweck un sech, mee mussen d’Wuelbefanne vun de Bierger als Ziel hunn.

Besonnesch mir als klengt Land, wat ëmmer op seng grouss Nopere gekuckt huet, an sech trotzdeem net verstoppt huet, ass et eis kloer, dass mir d'EU brauchen, eng EU, déi d'Bierger an den Zentrum setzt.

Ouni EU geet et net! D'Fro ass also net op EU, mä wéi eng EU.

Eng wirtschaftlech Unioun

Als Member vun enger Interessegemeinschaft ass et eis dru geleeën, dass sech all Land u kloer budgétaire Reegelen hale soll. D'EU ass nëmmen esou staark wéi säi schwächste Member, an all Land huet doduerch och d'Responsabilitéit seng ëffentlech Gelder responsabel auszeginn.

Mir Deputéierten hunn an deene lëscht Méint a Jore verschidde Gesetzer gestëmmt hunn, déi di europäesch Bankenunioun weiderbruecht hunn, dat besonnesch bei der Iwwerwaachung vun de Banken an dem Resolutiounsfong. Mir hunn also schonn eng Bankenunioun. Si ass nach net perfekt, mä mir schaffen drun.

En "Triple A social"

D'EU ass haut bei wäite méi wéi eng reng Wirtschaftsunioun. Grad ënnert der Lëtzebuerger Presidence, hu mir de „Triple A social“ ganz kloer also Prioritéit ausgewisen. Mir sinn eis also bewosst, dass d'EU an dësem Beräich Responsabilitéiten iwwerhuele sollt.

Dëst gëllt besonnesch an enger Zäit wou der EU dach och virgeworf gëtt méi aktiv a regulatoreschen a finanztechnesche Beräicher ze sinn. An deem Sënn ass et wichteg, dass déi national Politiker de Leit déi europäesch Politik och erklären

2018 als Schësseljoer vun der EU

2018 gëtt e Schlësseljoer : d’Bierger wäerte kënnen iwwert d’EU ofstëmmen, mir wäerten och gesinn ob d’EU hiren Erwaardunge gerecht gi konnt. Ech mengen hei am Land gëtt scho ganz vill gemaach fir de Leit Europa méi no ze bréngen.

Ech sinn och iwwerzeegt, dass déi allermeescht Leit hei am Land eis Geschicht, awer och d'Geschicht vun hirer eegener Famill zegutt kennen, fir net ze wësse wéi et eis virun der Grënnung vum europäesche Projet gaangen ass.

Et ass elo un eis weider an déi richteg Richtung ze schaffen, dat well Europa nach laang net um Schluss ukomm ass, nee d'EU ass eng relativ jonk Iddi, eng eegenaarteg Konstruktioun, déi et gëllt all Dag op en neits ze respektéieren a weider ze verbesseren!

 

view video on chd.lu


Eugène Berger