Sie sind hier

Steierreform 2017: Ëmfaassend Entlaaschtung, méi Kafkraaft

News Tribune libre Steuern Joëlle Elvinger

Vum nächste Joer un wäerte virop d'Mëttelschichten hei am Land manner Steiere bezuelen. Dat ass eng gutt Nouvelle! Besonnesch déi vill Leit mat mëttlerem Akommes sollen entlaascht ginn, well si den Ament ganz séier no um Spëtzesaz besteiert ginn.

D'DP huet sech fir eng gerecht Steierreform agesat, déi d'Stéit mat klengen a mëttleren Akommen entlaascht an fir méi Kafkraaft bei de Leit suergt.

Dës geschitt duerch eng Upassung vun der Steiertabell an d'Verduebele vum Steierkredit op 600 Euro d'Joer. Woubäi an Zukunft de Steierkredit, am Géigensaz zu haut, no sozial selektive Kritäre soll ausbezuelt ginn. E kënnt also grad deenen ze gutt, déi haut keng oder nëmme ganz mann Steiere bezuelen.

Awer och Jonker a Familljen, déi sech en éischt Eegenheem wëlle leeschte, sollen duerch d'Steierreform entlaascht ginn. An der sougenanntener "Rushhour vum Liewen" fällt villes zesumme: Fouss faassen am Beruff, kleng Kanner am Stot, éischt Eegenheem. Do ass et net ëmmer evident zum Schluss vum Mount, déi zwee Enner beieneen ze kréien.

D'Regierung huet dofir genee do ugesat. D'Ofschréiwméiglechkeeten fir e Bauspuervertrag fir Jonker ënner 40 Joer soll verduebelt ginn. Domadder gi Jonker encouragéiert, eppes fir hir eege véier Wänn op d'Säit ze leeën. Och den Abattement fir d'Scholdzënsen um Eegenheem gëtt däitlech no uewen adaptéiert. Iwwregens kënne Jonker no der Steierreform och méi fir hir Altersviersuerg steierlech ofsëtzen. 

Grousse Wäert ass och op d'Situatioun vun den Monoparentaux'en geluecht ginn, wou den Aarmutsrisiko fir d'Kanner besonnesch héich ass. Duerch d'Steierreform wäerten dës Stéit zousätzlech entlaascht ginn, well de Steierkredit fir Monoparentaux'en verduebelt gëtt. Och hei spillt an Zukunft de Kritär vun der sozialer Selektivitéit.

Ausserdem gesäit den neie Steiersystem vun 2018 un eng optional Individualiséierung bei bestuetene Koppele fir. Deemno hunn si an Zukunft de Choix, ob si léiwer wëllen zesummen oder eenzel besteiert ginn. Dëst ass och e wichtege Schrëtt fir méi Chancegläichheet.

Nach e kuerz Wuert zu der Betribsbesteierung: Fir eist Land op déi nei international Contraintë virzebereeden, soll d'Kierperschaftssteier an enger éischter Etapp op 19% erof goen, dono op 18. D'Regierung huet den Akzent, awer och ob déi kleng a mëttelstännesch Betriber geluecht. Et sinn nämlech grad dës Betriber, déi oft schonn iwwer Generatiounen zum Wuelstand vun eisem Land bäidroen, Aarbechtsplaze schaafen an um Gemengeliewen aktiv deel huelen. 

Fir d'DP gi mat dëser Steierreform déi richteg Akzenter, fir eng gerecht Steierpolitik gesat, déi engersäits de Besoine vun de Bierger Rechnung dréit an anerersäits e gesond Ëmfeld fir d'Wirtschaft schaaft.

Joëlle Elvinger