Sie sind hier

D'Lutte géint den Aarmutsrisiko ass eis Prioritéit

News Gesellschaft Corinne Cahen Max Hahn

Den DP-Deputéierte Max Hahn huet ervirgestrach, datt d'Regierung hir Verantwortung iwwerhëlt, fir dat soziaalt Netz méi enk ze strécken. D'Steierreform vun 2017, d'Erhéijung vum Mindestloun, de REVIS, d'Subvention Loyer asw. hunn déi finanziell Situatioun vu ville Stéit scho verbessert. Dobäi dierfe mir awer net stoe bleiwen.

Déi nächst Steierreform, d’Indexéierung vun de Familljeleeschtungen zum Enn vun der Legislaturperiod an d’Reform vum Gesetz zum accueil gérontologique si just ee puer Projeten, déi nach an Zukunft ëmgesat solle gi fir dem Aarmutsrisiko entgéintzewierken.

Sozialtransferten eleng si net d'Léisung vum Problem, esou de Max Hahn weider. Villméi geet et dorëms de Leit am Land déi néideg Moyenen ze ginn fir aus der Aarmut erauszekommen oder guer net eréischt ze riskéieren an d'Aarmut ze rutschen.

D'Familljeministesch Corinne Cahen huet betount, datt d'Aarmutspolitik mat Präventioun ufänkt. An do muss ee scho ganz fréi an der Schoul usetzen. De Bildungssystem huet sech schonn ganz dem Prinzip vun der Chancëgläichheet verschriwwen an ass méi sozial transparent ginn.

Och eng modern Aarbechtspolitik, déi d'Leit net nëmmen an d'Aarbecht bréngt, mee se och an der Aarbecht hält, esou wéi de neie Congé parental, ginn de Mënschen am Land eng méi grouss finanziell Sécherheet.

D'Corinne Cahen huet dann och d'Buergermeeschteren an d'Schäffen dozou opgeruff der Agence immobilière sociale (AIS) all d'Informatiounen iwwer eidelstoend Gebaier an hire Gemengen ze iwwermëttelen, fir datt och de Problem vum Logement entschäerft ka ginn.

D'Aarmut ass eng Realitéit zu Lëtzebuerg. Ma et ass an et wäert nach vill ënnerholl ginn, fir d'Aarmut ze bekämpfen. D'DP ass prett dëse Wee bis zum Schluss weiderzegoen. Hinn zu méi sozialer Gerechtegkeet an zu méi Liewensqualitéit fir jiddereen.

 


Max Hahn

Corinne Cahen