Sie sind hier

Ausbau vum Tramsreseau

News Mobilität und Verkehr Gilles Baum Gusty Graas

An der Sëtzung vun en Donneschden huet d’Chamber hiren Accord ginn, fir déi éischt zwou Extensioune vum Tramsreseau ze realiséieren. Den Tram, dee jo an enger éischter Phase d’Stader Gare mat de Foireshalen um Kierchbierg verbënnt, soll deemno bis spéitstens 2021 och op de Findel an op d’Cloche d’Or fueren. De Käschtepunkt läit heibäi bei 214 Milliounen.

Dësen Ausbau ass allerdéngs keng isoléiert Mesure, mee en Deel vun engem gréisseren Infrastrukturkonzept fir d’Mobilitéit. Op dës Manéier gëtt mat der Extensioun Richtung Findel net nëmmen eng generell Verbindung vu Fliger, Zuch a Bus matenee geleescht. D’Ubannung vum Tram un de Pôle d’échange Héienhaff soll och hëllefe fir de Beruffsverkéier virun der Stad opzefänken an den Trafic an der Stad ze reduzéieren. Dozou sot den DP-Deputéierte Gusty Graas:

„Datt elo de Findel un den Tramsreseau ugebonne gëtt ass evident. D’Attraktivitéit vun engem Fluchhafen ass haut méi wéi jee ofhängeg vun der Ubannung un den ëffentlechen Transport.“

Déi zweet Verlängerung, déi bis op d’Cloche d’Or geet, verbënnt den neie Quartier um Ban de Gasperich an de geplangte Fussballstadion mam Zentrum, wouduerch déi territorial Kohäsioun tëschen där Géigend an dem Rescht vun der Stad garantéiert gëtt. Och hei droen d’Parkingen op der Cloche d’Or an um Houwald dozou bäi de Verkéier aus der Stad an an der Peripherie ze halen.

Dem Gusty Graas no ass

„den Tracé Gare Richtung Cloche d’Or […] evidenterweis ganz wesentlech. Wa mir gesi wat sech am Ban de Gasperich deet, dann ass et kloer, datt an deen neie Véierel déi beschtméiglech Ubannung mam ëffentlechen Transport muss gemaach ginn, well soss de Chaos virprogramméiert ass.“

 

Ried vum Gusty Graas

 

Eng Extensioun vum Tram op Jonglënster?

De Gilles Baum huet a senger Interventioun déi gestëmmte Verlängerunge begréisst, an dofir plädéiert weiderhin nei Usätz ze verfollege fir dem Verkéier Meeschter ze ginn:

„Wa mer wëllen de Verkéier aus der Stad eraushalen, an ech mengen, do si mer eis all eens, da musse mer de Verkéier virun der Stad opfänken, an do wäerte mer mussen an Zukunft kreativ ginn an och emol queesch denken.“

An deem Kader huet de liberalen Deputéierten dorop higewisen, dass d’Iechternacher Stréck d’Haaptverkéiersachs ass fir d’Awunner vum Iechternacher Kanton an d’Frontalieren aus dem Raum Bitburg fir an d’Stad, an et dowéinst och do all Dag zu kilometerlaange Staue kënnt.

Aus deem Grond huet de Gilles Baum den Transportminister opgefuerdert iwwert e Pôle d’échange um Waldhaff nozedenken an an engem zweete Schrëtt och d’Ubannung vu Jonglënster un den Tramsreseau ze consideréieren.

„Ech weess, dass dat net fir haut a muer ass, mee an der Politik muss een, wann ee gären eppes hätt, de Fanger mat Zäiten ausstrecken.“

Schonn haut fueren all Dag 17 000 Autoen duerch Jonglënster an d'Stad. Vu dass et därer mat Sécherheet an Zukunft net manner wäerte ginn, ass et wichteg och hei eppes z'ënnerhuele fir den Trafic besser ze geréieren, esou de Gilles Baum weider.

 

Ried vum Gilles Baum

 


Gusty Graas

Gilles Baum