Sie sind hier

Déi lëtzebuergesch Arméi an d’Roll vu Lëtzebuerg an der NATO an

News Außenpolitik Justiz und Sicherheit Alexander Krieps Gusty Graas

En Dënschden war d’Haaptthema an der Chamber d’Defense. Am Kader vun zwou Interpellatioune gouf iwwert d’Erausfuerderunge vun eiser Arméi diskutéiert, an op Initiativ vum Deputéierten Alexander Krieps, och iwwert d’Roll vu Lëtzebuerg an der NATO.

Den Alexander Krieps ass a senger Interpellatioun virun allem op zwou Diskussiounen an, déi an Europa am Moment omnipräsent sinn: d’Zukunft vun der NATO an d’Thema vun enger europäescher Arméi.

Sou huet hie betount, datt et am Interêt vun den europäesche Länner ass un enger verstäerkter Zesummenaarbecht ze schaffen; hei spillt d’Kohärenz vun den nationalen Equipementer eng wichteg Roll.

D’NATO ass a bleift eng fundamental Allianz fir déi europäesch Länner
Alexandre Krieps

view video on chd.lu


Ried vum Lex Krieps

 

Des verstäerkt Zesummenaarbecht soll awer net komplementar zur NATO, mee am Kader vun dëser  stattfanne well d`NATO „bleift eng fundamental Allianz fir déi europäesch Länner“, esou de Zentrum-Deputéiert weider.

Och de Süd-Deputéierte Gusty Graas huet a senger Stellungnahm betount, datt eng staark NATO an eng konzertéiert Zesummenaarbecht mat der EU méi wichteg wéi jee sinn: d' NATO ass a sengen Ae „alles anescht ewéi obsolet“.

Mir brauchen eng Arméi, net fir Kricher ze féieren, mee fir aner wichteg Ursaachen, sief datt aus solidareschen oder humanitäre Grënn
Gusty Graas

view video on chd.lu


Ried vum Gusty Graas

 

An dësem Kontext huet hien drun erënnert datt déi lëtzebuergesch Arméi déi nei Erausfuerderungen déi sech hir stellen unhuelen, an sech ochdementspriechend och unzepassen muss. Dës gëllt eneranerem am Kader vum Rekrutement, mee awer och um operationellem Plang, zum Beispill wat d'Observatioun an d'Opklärung ugeet.

Fir um Niveau vum Rekrutement méi jonker ze motivéieren, huet de Gusty Graas zu enger verstäerkter Promotiounsaarbecht opgeruff. Hie freet sech och, op et net zäitgeméiss wier, déi Jonk och op dem Wee vu soziale Medie wéi Facebook an Twitter unzeschwätzen.

 


Alexander Krieps

Gusty Graas