Sie sind hier

Sozial Kohäsioun

News Familie Gilles Baum

De Gilles Baum huet a senger Ried betount, dass d’Regierung d’Familljepolitik ass e Ganzt betruecht an een déi verschidde Mesuren net fir sech alleng dierf kucken: Reform vum Kannergeld, Reform vum Congé parental, Qualitéitsoffensiv an der Kannerbetreiung, bilingual gratis Sproocheförderung, grad esou wéi eng Rei vu Mesuren aus der Steierreform.

„D’Zil vun all dëse Mesuren ass et de Famillje kloer Perspektiven ze ginn, fir dat d’Eltere Beruff a Famill besser ënnert een Hutt kréien, fir datt sech jonk Leit fir Nowuess entscheede kënnen a fir datt kee Kand an der Aarmut muss opwuessen.”

Donieft huet de Gilles Baum betount, dass Familljen- a Schoulpolitik ëmmer Hand an Hand sollte goen. Bildung wier dee beschte Wee fir fir Chancen a Perspektiven ze schafen. Den DP-Députéierten huet ënnerstrach, dass et der DP drëms geet, d’Kanner méiglechst gutt op eis Schoul preparéieren. Nëmmen esou kéint een d’Chancë vun all Kand, onofhängeg vu sengem sozialen, familiären, kulturellen oder sproochlechen Hannergrond verbesseren.

“D’DP wëll, dass eis Schoul integréiert an net separéiert. D’DP well, dass d’Schoul nees zu engem soziale Lift gëtt. D’DP wëll e Schoulsystem, an deem all Kand seng Chance huet ze reusséieren.”

Weider Informatiounen

Ried vum Gilles Baum [méi...]

Gilles Baum