Sie sind hier

Méi informéieren, fir manner ze verbëtzen!

News Gesellschaft Landwirtschaft und Weinbau Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Frank Colabianchi

D’Liewensmëttelverschwendung geet eis all eppes un

Wann een sech virun Aen hält, dass et bal 1 Milliard Mënsche ginn, déi all Dag net genuch z’iessen hunn an dass gläichzäiteg bal 1 Drëttel vun alle Liewensmëttel, déi op dëser Welt produzéiert ginn, ewechgehäit ginn, da versteet een, dass hei eppes falsch leeft an eppes geschéie muss!“, huet de Frank Colabianchi ënnerstrach.

Fir e respektvollen Ëmgang mat den Iesswueren

Den DP-Deputéierten huet och drun erënnert, dass gutt Liewensmëttel ewechgeheien net nëmme respektlos vis-à-vis vun eise Baueren ass, mä et och eng grouss Verschwendung vun natierleche Ressourcen, wéi Energie, Land a Waasser. Dofir wier et wichteg, dass d’Konsumenten erëm de Wäert vun de landwirtschaftleche Produkter schätze léieren an déi ganz Aarbecht respektéieren, déi derhannert stécht.

Op allen Niveaue sensibiliséieren

Ma net nëmmen de Konsument ass schold um Verbëtze vun Iessen, dofir mussen niewent där néideger Sensibiliséierung och soss Hiewel ugesat ginn: vun der Produktioun iwwer d’Transformatioun an d’Distributioun, bis hin zur Restauratioun!

Zesumme géint d’Liewensmëttelverschwendung

D’Demokratesch Partei begréisst d’Campagne „Zesumme géint d’Liewensmëttelverschwendung“ vum Landwirtschafts- a Konsumenteschutzminister Fernand Etgen. D’Demokratesch Partei ënnerstëtzt an deem Kontext och d’Zesummenaarbecht mam Bildungsministère, der Santé an dem Ëmweltministère am „Kampf géint d’Liewensmëttelverschwendung“.

Solidaritéits-Pakt mat de Gemengen

Fir d’DP ass de Solidaritéits-Pakt mat de Gemengen dee richtege Wee. „Op lokalem Niveau huet ee méi Afloss, wéi wann eppes vun uewen erof diktéiert gëtt. Et kennt een seng Leit a seng Strukturen an et weess een, wou een et nach besser ka maachen. Als Enseignant fannen ech et och grad wichteg, dass d’Kanner a d’Jugendlech un dës Problematik erugefouert ginn“, esou de Bartrenger Deputé-Maire.

Verfallsdatumer musse méi kloer ginn!

20% vun den Iesswueren an Europa ginn ewechgehäit, well d’Leit d’Verfallsdatumer falsch verstinn! D’Demokratesch Partei ass dofir der Meenung, dass op europäeschem Niveau eppes geschéie muss, fir dass all Konsument direkt versteet, ob e Liewensmëttel nach ka giess ginn oder net.

Don alimentaire

Den Don alimentaire zu Lëtzebuerg fonctionnéiert. D’DP ass och frou, dass schonns Efforte gemaach gi sinn, fir deen Don administrativ ze vereinfachen. De Frank Colabianchi huet an deem Kontext de Benevolle Merci gesot, déi gutt Iesswuere bei de Supermarchéë recuperéieren, fir se duerno weider ze verdeelen.

 

Ried vum Frank Colabianchi

 

Eng grouss Sensibiliséierungscampagne vum Fernand Etgen

Virun annerhallwem Joer huet de Ressortminister d’Campagne „Zesumme géint d’Liewensmëttelverschwendung“ gestart. Niewent dem Internetsite www.antigaspi.lu, gouf eng Broschür mat Rotschléi géint d’Liewensmëttelverschwendung publizéiert. Besonnesch déi sougenannte ‚6 gëlle Réegelen‘ sinn einfach ëmzesetzen an immens effikass, fir manner Reschter mussen ewechzegeheien.

Informéiere statt culpabiliséieren

Am Kader vun dëser Campagne gouf a kuerzer Zäit immens vill organiséiert: eng Konferenz mat den Acteuren ass dem Liewensmëttelberäich; eng Antigaspi-Woch am Fondamental, wou renomméiert Käch mat de Kanner Iessen aus Reschter gekacht hunn; eng Mediecampagne; en Antigaspi-Menu; eng Antigaspi-Woch an de Lycéeën a villes méi.

De Minister Fernand Etgen sot an deem Kontext: „Et geet eis an eiser breeder Mobilisatioun drëms, de Konsument ze sensibiliséieren, et geet eis awer net drëms en ze culpabiliséieren, hie verschwent jo net express, mä dacks aus engem Manktem un Informatiounen eraus.

 

Ried vum Landwirtschafts- a Konsumenteschutzminister Fernand Etgen

 


Frank Colabianchi

Fernand Etgen