Sie sind hier

Zukunft vun der Lëtzebuerger Sprooch

News Tribune libre Bildung Marc Ruppert

Leif Nolauschterer :

Kennt Dir d'Kayo Nishide? D'Japanerin, déi nach net dax zu Lëtzebuerg war, weess vill méi vun der Lëtzebuerger Sprooch, wéi du an ech. Okay, si ass och Expert an der Luxemburgistik op der japanescher Uni zu Hokkaido. An awer ass et erstaunlech, ewéi mann mir eis eege Sprooch beherrschen. An dëst obwuel mir den Ament d'Lëtzebuergesch souvill schreiwen ewéi nach ni. War et a Prä-Internet-Zäiten net gär gesinn, kann een haut der Administratioun op Lëtzebuergesch schreiwen a jo, laut Gesetz, kann ee mat enger Äntwert a senger Mammesprooch rechnen. Mir mailen, simsen, tweeten a facebooken an alles op Lëtzebuergesch – natierlech gespellchecked. Well wien vun eis huet schonn déi orthographesch Kenntnisser ewéi d'Kayo Nishide. Ma mir Lëtzebuerger si pragmatesch, hunn mir de lëtzebuergesche Begrëff grad net parat, da klaue mir eis en aus dem Engleschen, Däitschen, Franséischen an éierlech gesot, e puer Schreiffeeler hei an do, dat brécht dem Grand-Duc keen Zacken aus der Kroun.

An obwuel mir Lëtzebuerger esouvill Lëtzebuergesch kommunizéieren ewéi nach ni, spiert een en Malaise bei sou munchem. Et géif net genuch Lëtzebuergesch geschwat ginn, vill Texter wieren op franséisch. An missten net iwwerhaapt d'Gesetzestexter op Lëtzebuergesch geschriwwe ginn?

Et hëlleft elo net ze soen, dat d'Lëtzebuergesch-Coursen iwwerfëllt sinn an nach ni esou vill Leit lëtzebuergesch wollte léieren. An awer ass et eng Tatsaach. Et bréngt wéineg ze soen, datt och wann d'Gesetzestexter op lëtzebuergesch geschriwwe wieren, déi Texter ëmmer nach technesch a juristesch wieren. Méi sënnvoll sinn do Initiativë wei guichet.lu, wou een op 3 Sproochen dat wat ee wësse muss an einfache Wierder erkläert kritt.

Firwat dréngen esou an aner Argumenter oft net duerch? Vläit, well de Malaise éischter en difust Gefill an der Panz ass, wou deen een oder aneren d'Gefill huet net méi Här a Meeschter a sengem eegene Land ze sinn. Et ass d'Angscht, datt d'Lëtzebuergescht an de Schoulen op eemol net méi d'Ëmgangssprooch ass. An sécher och d'Angscht, datt ee Lëtzebuerger kéint ginn, ouni Lëtzebuergesch ze schwätzen.

Dorop ze äntweren, datt d'Lëtzebuergesch nach ni esou staark war ewéi elo, gräift sécher ze kuerz. D'Äntwert kann awer grad esou wéineg sinn, datt mir nëmmen nach Lëtzebuergesch als offiziell Sprooch akzeptéieren. Well si mir éierlech, d'Dräisproochegkeet ass a bleift de Liewenselexir vun eisem Ländchen.

Eng Äntwert ass awer den Auslänner d'Angscht virum Lëtzebuergeschen ze huelen an de Lëtzebuerger déi virum Franséischen. Dofir brauche mir méi Lëtzebuergesch an de Crèchen, well wat bréngt et fir d'Integratioun, wa francophone Kanner a franséisch Crèchë ginn? Grad esou wichteg ass awer och datt eis Kanner an Zukunft besser duerch eng Fréiförderung un d'Franséisch eru gefouert gi – an dat klappt spilleresch besser ewéi mam Molière. Iwwerhaapt: Ee Kand, wat aus sproochlecher Grënn schonn am Fondamental anhänkt, riskéiert säi ganz Liewe Problemer ze hunn fir sech an eis villsproocheg Gesellschaft ze integréieren.

Leif Nolauschterer, natierlech muss och eng vun den Äntwerten op d’Ängscht virum Verloscht vun onser Sprooch sinn, datt d’Politik d’Wichtegkeet vum Lëtzebuergeschen ëmmer erëm ënnersträicht, sief et an der Schoul, sief et am Alldag, sief et wann ee Lëtzebuerger wëll ginn. Dat schéngt mir evident. Mee, mir dierfen eis net verleede loossen aus Angscht eraus, dat a Fro ze stellen, wat eis auszeechent: eis Fähegkeet a wéinstens 3 Sprooche kennen hin an hir ze jongléieren, eis Oppenheet par Rapport zu anere Kulturen an eise sproochleche Pragmatismus. Google Translate a Microsoft hunn mir schonn op eiser Säit, e gudden Ufank.

Weider Informatiounen

Marc Ruppert