Sie sind hier

Spidolsplang: Fir d’DP steet alleng d’Wuel vum Patient am Mëttelpunkt.

News Tribune libre Gesundheit und Pflege Edy Mertens

A senger Tribune Libre um Radio ass den DP-Deputéierten Edy Mertens op d’Gesetzreform vum Spidolsplang agaangen an huet nach eemol kloer d’Uleies an d’Argumenter vun der DP-Fraktioun ënnerstrach.


Léif Nolauschterer,

Virun der Fuesvakanz hu mir an der Chamber d’Gesetz iwwert de Spidolsplang gestëmmt.

Fir d’DP ass et dobäi eenzeg an eleng em d’Wuel vum Patient gaangen. Fir déi beschtméiglech Prise en charge ronderëm d’Auer an IWWERALL am Land.

Dobäi louch der DP och um Häerz, datt den Norden an iwwerhaapt déi ländlech Géigenden net dierfen ze kuerz kommen. Firwat erwähnen ech den Norden an de ländleche Raum? Ma well d’Distanze ganz einfach méi grouss sinn bis zur nächster Klinik an d’Topographie secher eng Roll spillt.

Et dauert jo ewell méi laang bis Hëllef kënnt, ma dat soll jo anscheinend mam neie Rettungsdéngscht besser ginn... ech si gespaant.

Op alle Fall muss den Dokter – wann en da séier op der Plaz ass – wësse, wou e mam Patient hifuere soll, fir datt eng medezinesch Basisversuergung garantéiert ass.

Fir d’DP stoung och vun Ufank u fest, datt ALLEGUERTEN d’Centres hospitaliers musse déi néideg Servicer ubidden, fir am Eeschtfall Liewen ze retten.

Dofir si mir och frou, datt nach eemol nogebessert ginn ass, fir wichteg Servicer wéi d’Neurologie, d’Kardiologie, den ORL, d’Pneumologie, d’Urologie oder d’Orthopédie als Basisservicer ze garantéieren.

Ech fannen et och ganz sënnvoll, datt d’Pédiatrie de proximité an déi Lëscht opgeholl ginn ass, déi e Centre hospitalier kann – awer net muss – ubidden. E Service, deen zemol am Norden eng ganz wichteg roll fir ons kleng Patienten spillt.

Mir sinn och frou, datt keng Betten ofgebaut ginn. Et gëllt elo eng Forschette, wou d’Betterzuel ka kuerzfristeg un de Bedarf ugepasst ginn.

Fir d’DP stinn nieft der Qualitéit vun der Prise en charge vum Patient 2 Saachen am Mëttelpunkt : D’Verbesserung vun der Effizienz an déi vun der Transparenz. Dofir brauche mir net nëmme modern Apparater, ma och en eenheetlechen Informatiksystem an alle Spideeler, fir besser mateneen ze kollaboréieren.

Léif Nolauschterer, ech wëll dann nach kuerz op ee ganz wichtegen Acteur aus der Santé ze schwätze kommen, nämlech den Dokter.

D’DP huet sech vun Ufank un, dofir agesat, datt hien an Zukunft an d’Decisiounen am Spidol mat agebonne gëtt. Well et sinn d’Dokteren, déi sech Dag fir Dag den Erausfuerderungen um Terrain musse stellen an déi um Enn d’Responsabilitéit droen.

Et ass dofir nëmmen normal, datt si elo bei strategeschen oder wichtegen, personellen Decisiounen net nëmme mat um Dësch sëtzen, ma och e Stëmmrecht hunn.

Mir hunn ons och dofir staark gemaach, datt d’Personaldelegatiounen eng Stëmm kréien. Dat war ugangs net esou am Text virgesinn. Si kréien elo 2 Vertrieder am Verwaltungsrot an d’gëtt net méi einfach iwwer hire Kapp ewech decidéiert. D'Matsproocherecht vun den Acteuren gëtt deemno GROUSS geschriwen.

D'DP wäert sech an deene kommende Jore weider fir déi beschtméiglechst Patienteversuergung asetzen, déi weder eist Gesondheetssystem iwwerreguléiert, nach déi therapeutesch Fräiheet vun den Dokteren aschränkt. Fir d’DP stoung a steet dobäi d'Wuel vum Patient am Virdergrond!

 


Edy Mertens