Sie sind hier

Regierungserklärung vum Xavier Bettel: „E staarkt Stéck Eisen aus engem Goss!“

News Xavier Bettel

De Premier Xavier Bettel huet de Mëtteg an der Chamber de Regierungsprogramm fir d’Legislaturperiod 2018-2023 presentéiert. En Dokument, dat déi richteg Akzenter fir d’Erausfuerderunge vun haut a vu muer setze géing.

En Dokument, dat e kloert, däitlecht a präziist Konzept duerstellt an eng sozial, liberal an ekologesch Handschrëft droe géing.

Et geet ëm de Schutz vun de Ressourcen, d’Erhalen an d’Stäerke vun der Liewensqualitéit, d’Bekenntnis zur Diversitéit, Méisproochegkeet an zum Patrimoine, esou de Premier. Ëm d’Geschicht vum Land a seng Sprooch. Ma och ëm eng familljefrëndlech Politik, e staarke Sozialstaat an eng méi gerecht Verdeelung vum Räichtum.

De Xavier Bettel huet an deem Kontext och d’Diversifikatioun vun der Ekonomie ënnerstrach, déi géing weider ausgebaut ginn.

A punkto Mobilitéit huet de Premier ë.a. d’Ausschaffe vun engem Mobilitéitsplang bis 2035 annoncéiert an déi geplangten Efforten, fir d’Gemengen an d’Entreprisen an deem Kader z’ënnerstëtzen. „Et gëtt keen eenzegt Wonnermëttel, mee en Zesummespill vu verschiddene Mesuren an do gëtt an dëser Legislaturperiod ferm ugepaakt, fir dass sech nach méi beweegt an der Mobilitéit.“

De Xavier Bettel huet de gratis ëffentlechen Transport als enormen Atout fir den Image a fir d’Attraktivitéit vum Land bezeechent.

Genee wéi d’Mobilitéit, kéint awer och de Problem vum Logement net mat Schlagwierder geléist ginn. Och do géing nëmmen en Zesummespill vun enger ganzer Rei u Mesuren hëllefen. Déi nächst fënnef Joer géing op all Fall weider u méi enger grousser Offer – och an zemol am soziale Wunnengsbau – geschafft ginn. De Staat wäert hëllefen; z.B. deene Leit, déi am Ufank vum Liewe stinn an eng éischt Wunneng oder en éischt Haus kafe wëllen.

„Mir dierfen net kuerzfristeg denken, wa mir eise Planéit wëlle liewenswäert halen... dat si mer och de Generatioune schëlleg, déi no eis kommen“, esou de Premier iwwert de Klimawiessel. Lëtzebuerg géing do bei senger couragéierter Politik bleiwen. „Den Asaz fir méi eng nohalteg Energiepolitik ass kee reng nationalen, mir mussen awer och bei eis selwer ufänken.“

D’Landwirtschaft kritt déi Unerkennung, déi se verdéngt, huet de Regierungschef ënnerstrach. Dofir ass z.B. eng Ënnerstëtzung geplangt, fir jonk Baueren ënnert d’Ärem ze gräifen.

Den neie Verbraucherschutzministère suergt deemnächst fir e méi un Informatioune fir de Consommateur, esou de Premier. An engems misst een awer responsabel mat der Natur ëmgoen.

De Xavier Bettel huet och drun erënnert, datt Lëtzebuerg sech an de leschte Joren zu engem innovativen, weltoppenen a moderne Land entwéckelt huet. A bei all deem, dierft een net vergiessen, datt mir de Liewensstandard nëmmen duerch eng kompetitiv Wirtschaft hale kënnen, déi muss wuesse kënnen. Dofir géing d’Regierung drubleiwen, fir de Kader fir weider Innovatiounen op Weltklassniveau ze schafen, cf. 5G-Strategie.

D’Wirtschaft gëtt och weider entlaascht an d’Formatioun vun de Leit hei am Land verbessert.

De Premier huet dovunner geschwat, datt d’Kanner déi selwecht Zukunftschance mussen hunn, onofhängeg dovunner a wéi engem Ëmfeld se grouss ginn.Dofir wieren zousätzlech Verbesserunge fir d’Eltere virgesinn, fir Aarbecht a Famill besser ënnert een Hutt ze kréien. An deem Kontext huet de Xavier Bettel ënnerstrach, datt déi ëffentlech Schoul intensiv un der Chancëgläichheet schafft a sech nach méi un déi konkret Besoinen am Land adaptéiert. Lëtzebuergesch als Integratiounssprooch gëtt weider an de Virdergrond gestallt an d’Promotioun vun eiser Sprooch viru gedriwwen.

„D’Kulturpolitik gëtt méi konstant a se réckelt méi an den Zentrum“, esou de Premier. Mam Kulturentwécklungsplang géing en Outil virleien, fir de Secteur an der Déift ze begleeden an z’ënnerstëtzen.

Lëtzebuerg wier an de leschte Jore gesellschaftspolitesch e gudde Schrack no vir gaangen an de legale Kader a verschidde Beräicher wier der Liewensrealitéit ugepasst ginn. „Dee Wee gi mir weider“, esou de Xavier Bettel.

En anere wichtege Punkt aus der Regierungserklärung war d’Gesondheetswiesen, wou déi néideg Upassunge gemach géifen, fir och an Zukunft eng beschtméiglech Prise en charge ze garantéieren. De Cannabis iwwerdeems géing aus den däischteren Ecken erausgeholl ginn. Eng Protektioun vun deene Leit, déi ëss consomméieren, esou de Xavier Bettel.

E gudde Fonctionnement vum Staat iwwerdeems, géing vu gudde Mataarbechter ofhänken. Dofir géingen d’Konditiounen an der Fonction Publique verbessert. An och de Carrièrewiessel tëscht ëffentlechem a privatem Secteur gëtt méi einfach gemaach.

Wat d’Finanzéierung vum Regierungsprogramm betrëfft, huet de Staatsminister vun enger grousser Vigilance geschwat a sech duerzou engagéiert, datt d’Staatsschold ënner 30% vum PIB bleift.

„Déi nächst fënnef Joer an d'Aarbecht vun dëser Koalitioun wäerte markéiert si vun intensivem Asaz fir d'Zukunft vun eisem Land“, esou de Xavier Bettel ofschléissend.