Sie sind hier

Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher

News Familie Justiz und Sicherheit Carole Hartmann

Et war ee gudden Dag fir d'Kannerrechter zu Lëtzebuerg. Um Krautmaart gouf en Dënschdeg de Poste vun engem Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher gestëmmt.

„Mam Schafe vum « Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher » stäerkt d’Regierung nach eng Kéier de Stellewäert, dee si de Kanner an dem Schutz vun hire Rechter zoukomme léisst",
esou d'DP-Deputéiert Carole Hartmann.

Anescht ewéi den Ombuds-Comité fir d'Rechter vum Kand, gëtt den „Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher“ un d'Chamber rattachéiert. Dat erlaabt et dëser Instanz hir Aufgaben a voller Onofhängegkeet vun der Exekutiv a mat den néidege Ressourcen z'erfëllen.

Dobäi behält den Ombudsman d'Missioun, fir d'Anhale vun der Kannerrechtskonventioun ze kontrolléieren. Hie kann dofir Reklamatiounen unhuelen a Recommandatioune zugonschte vu Kanner a vu Jugendleche formuléieren.

Den Ombudsman intervenéiert awer och an der legislativer an an der exekutiver Prozedur. Hien ass nämlech gebieden, fir säin Avis zu all Gesetzprojet oder -propositioun a Règlement grand-ducal ofzeginn, wann den Text sollt een Impakt op d‘Kanner hunn.

 


Carole Hartmann