Sie sind hier

„Sympathesch, iwwerzeegt, einfach en immens léiwe Mënsch.“

News

De Premier a Staatsminister Xavier Bettel huet no der traureger Nouvelle esou reagéiert: „Ech sinn déif getraff an immens traureg iwwer deen onerwaarten Doud vum Staatssekretär, Kolleg a Frënd Camille Gira. Am Numm vun der Regierung an a mengem perséinlechen Numm wënschen ech der Famill Courage. Eis Gedanken an eist Matgefill si bei senger léiwer Fra a senge Kanner.

Eis Parteipresidentin Corinne Cahen huet sech a perséinleche Wierder un de Verstuerwenen erënnert: „De Camille huet ëmmer fir d'Saach gekämpft, en huet ëmmer de Ball gespillt an ni de Mann. Hien huet Politik aus Iwwerzeegung gemaach an aus Léift zu senge Matmënschen, zu der Natur, zu senger Gemeng, senger Regioun a sengem Land. Hie war en immens beléifte Buergermeeschter zu Biekerech.

De Camille war net nëmmen en iwwerzeegten an engagéierte Politiker, hien ass virun allem en immens léiwe Mënsch gewiescht (et fält mer schwéier am Passé ze schreiwen). Ëmmer hëllefsbereet, ëmmer frëndlech, an ëmmer huet e seng Iddien argumentéiert.

Et war eng Éier fir mech, déi puer Joer zesumme mam Camille an der Regierung gewiescht ze sinn. Hie war an der Politik wéi am richtege Liewen: sympathesch, iwwerzeegt, an einfach en immens léiwe Mënsch.

Ech kann dat alles nach net richteg gleewen.

Ech denken un de Camille, u seng Fra Simone, u seng Kanner, seng ganz Famill an all seng Frënn, di gréng an all di aner. Mir verléieren alleguer ee vun de léifste Mënschen, déi et gëtt.“ D’Demokratesch Partei schléisst sech dëse Gedanken un a seet dem Camille Gira senger Famill a senge Frënn hiert éierlecht Matleed.