Sie sind hier

Méi Biergerbedeelegung fir eng besser Liewensqualitéit an eise Gemengen

News Tribune libre Gemeinden Martine Dieschburg-Nickels

Gemengepolitik maachen heescht vill um Terrain an no bei de Leit ze sinn. Déi beschte Gemengepappen a Mamme sinn déi di ëmmer en oppent Ouer fir d’Suergen, d’Problemer an awer och fir d‘Iddien a d‘Virschléi vun hire Bierger hunn. D‘Biergerbedeelegung ass wichteg an der Politik. Dat gëllt net nëmmen, mä awer virun allem an de Gemengen.

Et ass nämlech hei wou d’Leit am séiersten d’Konsequenz vu politeschen Decisioune spieren, am positive wéi och am negative Sënn. Ech denken zum Beispill un d‘Gemengekompetenzen, déi den Alldag vu ville Bierger beaflossen, wéi zum Beispill d’Kannerbetreiung, de kommunale Stroossebau, d’Waasser- an Ofwaasserversuergung oder un déi allgemeng Entwécklung vun de Gemengen, déi iwer den kommunale Bebauungsplang (PAG) gestéiert gëtt, an de Beräicher Wunnengsbau, Aarbechtsplazen, Transport a Fräizäit.

Kuerz gesot: et geet an der Kommunalpolitik ëm naicht aneschters wéi ëm eis Liewensqualitéit.

D’Demokratesch Partei geet mat Häerz a Séil an d’Gemengewahle vum 8. Oktober. Mat Häerz a Séil: Dat ass fir eis keen huele Sproch, mä steet fir eng Politik, déi lokal DP Politiker zanter Joerzéngte virliewen. D’Politik ass fir eis kee Selbstzweck. Mat Häerz a Séil fir seng Gemeng heescht, datt een sech fir seng Uertschaft asetzt, fir d’Bierger vun dëser Gemeng, déi gläichzäiteg och Noperen, Frënn a Bekannte sinn.

DP Politik mat Häerz a Séil heescht d’Entwécklung vun eise Gemengen am enken Dialog mat de Bierger gestalten, eise Kanner déi beschtméiglechst Betreiung a Bildung ze offréieren, derfir ze suergen, datt all Generatiounen, jonk an al, en Doheem an hirer Gemeng fannen, wou si zesummen liewen, sech wuel fillen an e gemittlechen Alldag verbrenge kënnen.

DP Politik mat Häerz a Séil heescht den ëffentlechen Transport esou ausbauen, datt manner Leit den Auto mussen huelen, ouni datt deen, deen op den Auto ugewisen ass drop verzichte muss.

All dëst an nach vill méi wëlle mir als DP mat Iech zesummen diskutéieren an ugoen. Ech freeë mech dowéinst elo schon op vill flott Gespréicher a menger Gemeng zu Stroossen an ech invitéieren all interesséiert Biergerinnen a Bierger sech mat den DP Kandidaten an hirer Gemeng auszetauschen.

Et geet den 8. Oktober nämlech net nëmmen ëm d’Wahl vu Gemengeréit, mä et geet haaptsächlech ëm Iech an ëm Är Liewensqualitéit fir déi nächst 6 Joer.