Sie sind hier

Méi spezifesch Hëllef fir d’Schüler

News Bildung Claude Meisch

Op senger traditioneller Rentrées-Pressekonferenz, ass den Educatiounsminister Claude Meisch op eng Problematik agaangen, mat där vill Kanner, Elteren an Enseignanten dagdeeglech an de Schoule konfrontéiert gin.

De Minister huet d’Léierschwieregkeeten, d’Verhalensopfällegkeeten oder soss spezifesch Besoin’en vu Kanner ugeschwat, déi den Betraffenen oft vill Schwieregkeeten am schouleschen Alldaag bereeden.

„Mir mussen eis besser ëm dës Kanner këmmeren an hinne Perspektive bidden“ , esou de Claude Meisch.

Op nationalem Niveau sollen dofir weider 3 Instituter geschaaf ginn, fir besser op déi spezifesch Problemer vun de Kanner anzegoen. Dëst sinn, een Institut fir Kanner mat Léierschwieregkeeten, een Institut fir Kanner mat Verhalenopfällegkeeten, an een Institut fir héichbegaabt Kanner. D’Dieren vun dësen Instituter sollen am Laf vum nächste Schouljoer opgoen.

Ma och an de Schoulklasse selwer gëtt sech an Zukunft besser ëm dës Kanner gekëmmert. Iwwert déi nächst véier Joer sollen zousätzlech 150 spezifesch ausgebilten Enseignanten agestallt ginn, déi gezillt mat dëse Kanner schaffen an doduerch d’Léierin oder de Schoulmeeschter an hire Klassesäll entlaaschten sollen. Dëst erméiglecht besser op déi spezifesch Problemer vun dëse Kanner anzegoen, ouni awer mussen déi aner Kanner ze vernoléissegen.

De Ministère wëll an Zukunft och déi verschidde Servicer besser mateneen koordinéieren. Den Interêt vun den Kanner soll ëmmer am Mëttelpunkt vun deenen Mesuren stoen. An deem Kontext, sinn och déi geplangten Upassunge vun der „Education différenciée“ ze verstoen, déi nach dëst Joer sollen op den Instanzewee geschéckt ginn.

Liest den ganzen Artikel hei [méi...]

 


Claude Meisch