Sie sind hier

Debat iwwer d’Landesplanung: Wuesstem intelligent steieren

News Landesplanung und Wohnen Max Hahn

Mir wëllen en anert wirtschaftlecht Ëmfeld, dat attraktiv fir innovativ Betriber ass!“ En anere Wuesstem wéi bis elo ass méiglech. Am Géigesaz zu anere Parteie wäert d’DP awer net op Verbueter setzen, mä zesumme mat de Bierger a mat innovative Betriber d’Zukunft vu Lëtzebuerg virbereeden.

Eng Wirtschaft, déi just op reng quantitative Wuesstem opgebaut ass, bréngt eng Rei Problemer mat sech, wéi een se all Dag op de Stroossen an op eisem Wunnengsmaart begéint. D’ Regierung huet schonn eng Partie Projete fir den Transport realiséiert. „Der DP geet dat awer nach net séier an net wäit genuch. D’DP wäert eng richteg Investitiounsoffensiv an d’Mobilitéitsinfrastrukture starten. Mir mussen ophalen ëmmer nëmmen eis Wonnen ze pléischteren, andeems mir Stroosse bauen, déi muer schonn erëm ze kléng sinn“, esou de Max Hahn. Dofir fuerdert d’DP och e sektorielle Plang fir d’Mobilitéit vun der Zukunft, deen elo schonn den Terrain preparéiert, fir Projeten, déi haut ganz futuristesch klengen, mä Léisunge fir eis Problemer vun haut a vu muer duerstellen, esou wéi zum Beispill S-Bunn-Linnen, déi sollen all Regioun aus dem Land mat der Stad verbannen.

D’DP wëll dann och net méi laang nokucken, wéi d’Liewensqualitéit vun de Bierger duerch den Trafic an den Uertschaften negativ beaflosst gëtt. De Max Hahn: „Dofir wäerte mir d’Prioritéite vun all de geplangte Contournementen nach eng Kéier iwwerpréiwen a wann néideg d’Realisatioun no fir zéien. Mir wäerten och net méi akzeptéieren, dass Contournementen an zwou oder méi Etappe gebaut ginn, well dëst fir d’Uertschaften an de spéideren Etappe just nach méi Belaaschtunge mat sech bréngt.

D’DP wëll d’PAG-Prozeduren däitlech vereinfachen. An Zukunft soll all Gemeng a vill méi reegelméissegen Ofstänn Bauperimetererweiderunge maache kënnen, dat mat Hëllef vum Baulandvertrag. Och déi ländlech Gemengen hunn hei eng wichteg Roll ze spillen, déi et dem Max Hahn no ze wierdege gëllt: „Och dës Gemenge mussen déi néideg finanziell Mëttel hunn, fir hiren Aufgabe gerecht ze ginn. An hir Awunner däerfen net zu Bierger zweeter Klass deklaréiert ginn. Dofir setze mir eis och fir Nobesserunge bei de Gemengefinanzen an, soubal mir feststellen, dass eng Gemeng duerch déi gestëmmte Reform a Schwieregkeete sollt geroden.

D’DP ass géint erzwonge Gemengefusiounen oder e nationale Referendum iwwert eng nei Gemengelandkaart, sou wéi se vun der CSV proposéiert ginn: „Et kann net sinn, dass e nationale Referendum organiséiert gëtt, wou d’Bierger aus de grousse Gemengen decidéieren, mat wiem d’Bierger aus de klenge Gemenge fusionéiere sollen. Dat ass net eist Versteesdemech vun Demokratie an dat wäert et mat der DP an der Regierung net ginn!

 


Max Hahn