Sie sind hier

Méi Kohärenz a méi Moyene fir déi europäesch Entwécklungshëllef

News Außenpolitik Charles Goerens

Déi néideg Ressourcë bereet stellen

D’EU ass den Ament wäit vun hirem Ziel ewech, fir bis 2030 0,7% vun hirem PIB an d’Kooperatioun ze stiechen, huet den DP-Europadeputéierte Charles Goerens op enger Pressekonferenz ënnerstrach. Doriwwer eraus sinn eenzel EU-Staaten amgaangen hir Entwécklungshëllef ze reduzéieren an nom Brexit verléiert een dat zweetdéckste Bäitragsland.

Fir eng kohärent Entwécklungshëllef

Fir de fréiere Lëtzebuerger Kooperatiounsminister muss duerfir dréngend eng «feuille de route» op europäeschem Niveau opgestallt ginn, an zwar an enker Zesummenaarbecht mam Europaparlament. Nëmmen esou wier eng Perspektiv fir eng kohärent EU-Entwécklungshëllef méiglech.

 

 


Charles Goerens