Sie sind hier

Spionage beim SREL gëtt historesch opgeschafft

News Justiz und Sicherheit Eugène Berger

D’Spionage beim SREL gëtt vun engem externen Grupp vun Historiker historesch opgeschafft. De Rapporteur vum entspriechenden Gesetzesprojet Eugène Berger huet an der Chamber Präzisioune ginn.

Nodeems d’Chamber de 9. Juni déi grouss Reform vum SREL ugeholl huet, goung et de Mëttwoch iwwert e Gesetzesprojet, dee sech mat de „fiches personnelles“ beschäftegt, déi de SREL am Kader vu sengen Iwwerwachungsaktivitéiten ugesammelt huet. „D’Regierung wäert e Grupp un externen Experten chargéieren mat der Missioun e Recensement, d’Exploitatioun an den Tri vun den historeschen Donnéeën ze maachen, och mat der Finalitéit erauszefannen op, an a wat fir engem Mooss tëschent 1960 an 2001 politesch Spionage vum SREL bedriwwe ginn ass“, esou den Eugène Berger an der Chamber.

De Projet de loi gesäit dräi Zeenarie vir, wat mat de fiches personnelles no der Aarbecht vum Expertsgrupp geschéie wäert: si ginn entweder  den Nationalarchiven uvertraut, un dat aktuellt SREL-Archiv iwwerdroen oder zerstéiert.

Un d’Nationalarchiven gi just déi Donnéeën, déi en nationalhistoresche Wäert hunn.

D’SREL-Archiven kréie just déi Donnéeën, déi engem frieme Geheimdéngscht oder enger internationaler Organisatioun gehéieren oder nach gebraucht gi fir aktuell Missioune vum SREL.

All aner Donnéeën ginn zerstéiert. „Et ass wichteg, datt keng betraffe Persoun sech weidere Risike muss aussetzen, wat d’Verbreede vu sengen Informatiounen ubelaangt. Dat spigelt sech och an der Dispositioun erëm, datt am Ofschlossrapport vum Expertsgrupp keng perséinlech Donnéeën vu Betraffenen  däerfe virkommen“, präziséiert den DP-Fraktiounspräsident.

 


Ried vum Eugène Berger

 


Eugène Berger