Sie sind hier

Schoulrentrée am Fondamental

News Bildung

Keng Schoulstonnen ausgefall

Kuerz virun dëser Schoulerentrée goufen et eng Rëtsch Diskussiounen iwwer d’Personalsituatioun am Fondamental. Fakt ass, datt um Dag vun der Schoulrentrée an allen Regiounen normal Schoul konnt gehale ginn. Et sinn deemno néirens am Land Schoulstonnen opgrond vun engem Personalmangel ausgefall.

Innerhalb vun engem Joer ass d'Schülerpopulatioun allerdéngs ëm 844 Schüler gewuess. Fir deem Rechnung ze droen, a weiderhin een héichqualitativen Unterrecht an de Schoulen ze garantéieren, huet den Educatiounsministère eleng fir dës Rentrée d'Unzuel un Schoulstonnen nach eng Kéier ëm 4.206 Stonnen d’Woch erhéicht. Dës Rentrée stinn esouguer méi Schoulstonne pro Kand zur Verfügung.

Dobäi kommen nach zousätzlech 1.170 Schoulstonnen, déi eenzeg an eleng dofir investéiert ginn, fir Kanner mat spezifesche Léierschwieregkeete gezillt kënnen ze hëllefen.

Manner Studente sech dem Concours gestallt

Vun 291 oppene Plazen konnten der dëst Joer just 168 besat ginn. Et geet een dovunner aus, datt nach vill Studenten ee Master-Studium hannendrun hänken an sech dann d’nächst Joer dem Concours stellen. Fir déi oppe Plazen ze besetzen, gëllt et kuerz- a mëttelfristeg d’Réserve des suppléants mat qualifizéiertem Personal ze stäerken.

3 konkret Pisten

De Ministère huet dofir 3 Pisten virgesin. Engersäits kënnen d'Stonnen deelweis vun anerem qualifizéierte Personal iwwerholl ginn (z.B Educateuren aus den Maison relais, déi nach keng voll Tâche hunn). Anerersäits goufen och déi pensionéiert Enseignantë gefrot, ob se net sporadesch erëm wéilten an de Schoulbetrib eraklammen. Zousätzlech kënnen och d'Enseignanten fräiwëlleg Iwwerstonne maachen (betrëfft haaptsächlech Enseignanten, déi keng voll Tâche hunn).

Et ass an dem Kontext och wichteg ze soen, datt den aktuellen Enkpass an der Réserve des suppléants net op Käschte vu Kanner mat spezielle Besoinen geet. Déi 180 Educateuren aus der Ediff ginn net an den regulären Schoulbetrib intégréiert.