Sie sind hier

D’DP trauert ëm hire Frënd a fréiere Minister Carlo Wagner (1953-2021)

News

De Carlo Wagner krut d’Politik souzesoen an d’Wéi geluecht. Säi Papp, den Dokter Charel Wagner, war schonn DP-Deputéierte fir de Bezierk Osten a Conseiller zu Wormer. Dem Carlo Wagner säi politesche Parcours ass iwwert d’Presidence an der JDL, respektiv vum Bezierk Osten, an iwwert de Poste vum Generalsekretär vun der DP gaangen. 1994 ass hie fir d’éischt an d’Chamber gewielt ginn (bis 1999 a vun 2004-2013). No de Wale vun 1999 war de Verstuerwene bis 2004 Gesondheets- a Sozialminister an der Regierung Juncker-Polfer.

Rentendësch

Als Minister huet de Carlo Wagner um Rentendësch fir eng substantiell Erhéijung vum Grondbetrag vun de Pensioune gesuergt. Ënnert senger Responsabilitéit sinn awer och déi sougenannten Hongerrenten ofgeschaaft ginn. De Carlo Wagner huet méi Gerechtegkeet an den deemolege Rentesystem bruecht. 

De Carlo Wagner war extra enk mat senger Heemechtsgemeng Wormer verbonnen, där hire Buergermeeschter hie vun 1994-1999 war. Als Ost-Deputéierten huet hie sech virop fir de Wäibau, den Tourismus an de Mëttelstand agesat.

No sengem Réckzuch aus der Politik hat de Carlo Wagner nees méi Zäit fir seng Fräizäit, an där hie vill mat Frankräich a mam Tour de France verbonnen huet.

Mam Carlo Wagner verléiere mir ee verdéngte Politiker an e patente Frënd, mat deem mir vill agreabel Amenter verbruecht hunn. 

D’DP seet senger Fra Marie-Paule, senge Kanner Valérie, Eric a Charel, der ganzer Famill a senge Frënn hiert éierlecht Bäileed.