Sie sind hier

32 Milliounen € fir Infrastrukture fir Esch2022

News Kultur Landesplanung und Wohnen Pim Knaff

D’Chamber huet en Dënschdeg Reamenagementer un enger Partie Gebaier guttgeheescht, déi an zwee Joer fir d’europäesch Kulturhaaptstad gebraucht ginn. Esch2022 gëtt vun Esch a vum Syndikat PRO-SUD an Zesummenaarbecht mat de franséischen Nopeschgemengen organiséiert. Kaunas aus Litauen ass déi kéier déi international Partnerstad.

De Gesetzprojet betrëfft eng 9 Gebaier. Déi gréissten Aarbechte betreffen d’„Mëllerei“, déi d’Häerzstéck vum Kulturjoer mat engem groussen Deel vun de kulturellen Aktivitéite wäert sinn. Och d‘„Massenoire“, déi elo scho fir Ausstellungen an als Informatiounszenter profitéiert gëtt, gëtt an e multifunktionellt Gebai fir déi ënnerschiddlechst Aktivitéiten a Manifestatiounen amenagéiert.

Den Escher Kulturschäffen an neien DP-Deputéierte Pim Knaff huet um Krautmaart ënnerstrach, wéi wichteg dat europäescht Kulturjoer fir de Minett ass: „Et ass eng Unerkennung an eng Ausernanersetzung vun eiser industrieller Vergaangenheet an dem kulturellen Ierwen am Minett, déi vun Ufank u multikulturell gepräägt waren. Donieft dréit d’Kulturjoer och bedeitend dozou bäi, dës Regioun weider ze dynamiséieren, nei Impulser ze ginn, an ze hëllefen, dass dës Géigend sech weiderentwéckelt“.

 


Pim Knaff