Sie sind hier
D’Zuelen si gutt
En zolitte Wuesstem, deen de Chômage ofbaut
Wann een déi global Situatioun vun eiser Wirtschaft analyséiert, da sti mir wierklech gutt do. Natierlech profitéiert eis Land vun engem favorabelen internationalen Ëmfeld, mä et goufen och strukturell Reformen ënerholl. „De Wuesstem vum PIB läit säit 2014 all Joer iwwer 4%. Dat wäert och déi nächst Joren sou bleiwen. 2018 soll en laut dem Statec souguer iwwer 5% leien“, esou de Pierre Gramegna. Och um Aarbechtsmaart gesäit et positiv aus. „De Chômage geet weider erof, a läit elo mat 6% op deem niddregsten Niveau säit laangem.“
Gesond Staatsfinanzen
Déi aktuell Zuele vum Statec weisen, dass d’Previsiounen, déi dem Budget 2017, deen ech am Oktober virgestallt hunn, sech gréisstendeels confirméieren oder souguer liicht verbesseren. „Et gëtt also kee Grond fir Schwarzmolerei. Lëtzebuerg ass gutt opgestallt fir eventuell extern Schocken ze verkraften“, esou de Finanzminister, dee betount, dass de Staat sech duerch eng intelligent Politik weidere Spillraum ginn huet, dat zum Beispill fir eng Steierreform ze maachen, déi d'Kafkraaft stäerkt. Dës gutt Nouvellë ginn och vun de Ratingagencë confirméiert, déi eis all den Triple A ausstellen. Lëtzebuerg ass domatter eent vun deene ganz rare Länner op der Welt, déi des bescht méiglech Note accordéiert kruten.
#PSC2017lu : Et gëtt absolut kee Grond fir Schwaarzmolerei. Lëtzebuerg ass gutt opgestallt fir eventuell extern Schocken ze verkraften.
— Pierre Gramegna (@pierregramegna) April 26, 2017
Eng responsabel Politik fir d'Zukunft
„Mir hunn et fäerdeg bruecht iwwer déi läscht Joren d'Staatsfinanzen nohalteg ze sanéieren an rëm op zolitt Féiss ze stellen“, betount de Pierre Gramegna a weist sech optimistesch. Des Regierung mécht eng responsabel a laangfristeg ausgeriichte Budgetspolitik, där hiert Ziel et ass, d'Land optimal op d'Erausfuederungen virzebereeden, déi virun eis leien. Dofir bleiwen d'Investissementer och iwwer déi nächst Joren op Rekordniveau an dofir hu mer eng Steierreform gemaach, déi de Leit Kafkraaft erëm gëtt, an d'Kompetitivitéit vun eiser Wirtschaft verbessert.
Ried vum Finanzminister Pierre Gramegna