Sie sind hier

Fir datt d’Enn vun der Corona-Kris net d’Enn vun eiser Wirtschaft bedeit

News Tribune libre Arbeit Finanzen Gesellschaft Gesundheit und Pflege Wirtschaft Carole Hartmann

Léif Nolauschterinnen a Nolauschterer,

Geet et iech och esou wéi mir? Zanter 2 Wochen vermëssen ech Deeler vu menger Famill, ech vermësse meng Owender mat Frënn a Kolleegen an ech vermëssen de Kontakt mat de Leit.

Jo, sech ze begéinen, sech nozelauschteren, an ze diskutéieren. Dee ganz normalen Austausch, deen eis am Blutt stécht, an dee mer soziaalt Liewen nennen. Kuckt nëmme wéi laang jidderee vun eis gebraucht huet, fir neméi deem aneren d’Hand oder eng Bees ze ginn, fir vun jidderengem Ofstand ze halen. Dat ass alles net esou einfach.

Bal genee esou ongewinnt ass de Verzicht op Gidder an op Servicer, déi mer nach bis viru kuerzem als normal ugesinn hunn. Ech wëll eppes? Da ginn ech mir et an de Buttik kafen. Wäschmaschinn futti? Ech ruffen den Elektriker. D’Hoer ginn ze laang, da ginn ech bei de Coiffeur. Ech kéint esou weiderfueren …, ma dir wësst, wat ech mengen.

Mir hoffen alleguerten, datt déi Kris hei an e puer Wochen eriwwer ass. Esoulaang bleiwe mer doheem.

Dat ass net ze vill verlaangt, wann et ëm d’Gesondheet geet. Dat kann awer laang sinn, wann et em dat wirtschaftlecht Iwwerliewe geet.

Fir datt d’Enn vum Corona-Virus net och d’Enn vun eiser Ekonomie – zemol vun eisem Mëttelstand – bedeit, wäert eis Regierung elo dee gréisste Krisebudget an der neier Geschicht vum Land deblockéieren. 8,8 Milliarden Euro, bal 15% vun eisem PIB. Dat ass eng riseg Zomm Geld an e ganz staarkt Zeechen, ganz an der Linn vun eisem Premier Xavier Bettel, dee gesot huet: „Et kascht, wat et kascht“!

Et kascht, well mir wëllen och no der Kris eng leeschtungsfäeg Landwirtschaft mat hire Baueren a Wënzer, e gesonden Tourismus mat engem performanten Horesca-Secteur, e gutt Handwierk, en attraktiven Handel, eng flott Kulturzeen.

All dat brauche mir nees no der Kris. An dofir mussen elo déi néideg Mëttel zur Verfügung gestallt ginn.

Esou wéi de Staat op eis ugewisen ass, fir de Virus ze bekämpfen, spille mir och eng grouss Roll fir d’Wirtschaft vum Land z’ënnerstëtzen. Jiddereen kann a soll a senge Limitten hëllefen. Z.B.:

  • Andeems mer eis Rechnunge bei de Betriber bezuelen. Dat si Liquiditéiten, déi si elo brauchen.
  • Andeems mer elo net alles iwwer Internet kafen, ma no der Kris an d’Geschäfter ginn.
  • Andeems mer souwisou manner Uebst a Geméis vun déi Säit der Welt akafen, ma regional a saisonal denken an handelen.

D’Regierung mécht alles, fir datt d’Gesondheet vun de Leit hei am Land esou wäit ewéi méiglech garantéiert bleift. An engem zweeten – grousse – Schrack suergt se elo dofir, datt d’Wirtschaft an d’Leit genuch Loft behalen, fir déi kommend Wochen och finanziell z’iwwerstoen.

Dat kascht enorm vill Suen, ass den Asaz awer wäert, wann ee sech virstellt, wat ouni déi Mesure geschéie kéint. Mir sinn an enger nationaler Ausnamesituatioun an d’Regierung reagéiert deemno. Dat ass déi richteg Reaktioun.

D’Zil vun all eisen Efforten ass et, datt mer nees geschwë kënnen zesummekommen,

zesumme feieren,

zesumme schaffen,

zesumme liewen.

An dat packe mer. All zesummen.

Ech soen iech Merci.

 


Carole Hartmann