Sie sind hier

Esch 2022 an d’Entwécklung vum Süden vum Land

News Tribune libre Gemeinden Kultur Verfassung, Institutionen und Demokratie Pim Knaff

Léif Nolauschterer,

D’lescht Woch sinn ech als neien DP-Deputéierten an der Chamber vereedegt ginn. Dir kënnt mir gleewen, datt ech léiwer ënner aneren Ëmstänn op de Krautmaart komm wier, wéi als Nofollger vu mengem verstuerwene Frënn Eugène Berger. Ma d’Liewe geet virun, och wann d’Trauer nach net ofgeschloss ass.

Léif Nolauschterer,

Als Deputéierte vum Bezierk Süden an als 1. Schäffe vun der Stad Esch huet d’Minett eng besonnesch Plaz a mengem Häerz a steet am Mëttelpunkt vu menger politescher Aarbecht.

Als zweeten Entwécklungspol vum Land spillen Esch a seng Nopeschgemengen eng extra Roll am Developpement vu Lëtzebuerg. Dofir soll de Wee vun der Dezentraliséierung virugefouert ginn, well nëmmen esou kënne mir eise Wuelstand garantéieren an d’Problemer vum Stroossentrafic a vum Logement léisen. Ech denken do z.B. un de Projet vun engem séieren Tram, deen Esch mat der Haaptstad verbanne wäert.

Méi kuerzfristeg steet Esch2022 als europäesch Kulturhaaptstad virun der Dir – zesumme mat den 11 Gemenge vum Syndikat PRO-SUD, mat de franséische Noperen a mat der litauescher Partnerstad Kaunus.

Dat Evenement ass eng grouss Erausfuerderung, ma an engems eng formidabel Chance, fir d’Kultur a fir Lëtzebuerg a säi Süden ze dynamiséieren a fir sech international ze presentéieren.

Esch2022 ass e kulturellen Highlight, deen awer net dierf isoléiert betruecht ginn. E wichtegen Deel dovunner si d‘Infrastrukturprojeten, déi an a ronderëm Esch realiséiert ginn. Mir hunn d’lescht Woch ëmmerhin 32 Milliounen Euro dofir an der Chamber gestëmmt. Déi wichtegste Punkte sinn de Reamenagement vun der Mëllerei, vun der Massenoire a vun den Héichiewen.

Léif Nolauschterer,

D’Kultur ass kee Luxus, deen ee sech leeschte wëll, ma d’Emotiounen an d’Kreativitéit, déi d’Kultur beim Mënsch ausléisen, maachen hien iwwerhaapt eréischt zu dem, wat en ass.

Dir wäert an nächster Zäit d‘Geleeënheet kréien, fir meng politesch Iddie kennen ze léieren. Ech sinn e Mënsch, dee fir seng Iwwerzeegungen kämpft a Kompromësser ageet, wa se der Saach déngen. An als Affekot, deen an 30 Joer um Barreau esou munches erlieft huet, läit mir besonnesch eent um Häerz, an dat ass Gerechtegkeet…

AnhangGröße
Audio Icon 20200210_pknaff_tribune_libre.mp34.87 MB