Sie sind hier

Enormt Potential och an Zukunft notzen

News Arbeit Ausnahmezustand Gesellschaft Mittelstand Marc Hansen

De Covid-19 huet d‘Welt op d’Kopp gehäit. Déi nei Sécherheetsmesuren hunn eis virun Erausfuerderunge gestallt, déi e groussen Impakt ë.a. op de Gesondheetssystem, op d’Schoulen an op d’Aarbechtswelt hunn.

Ma eis Gesellschaft huet alt erëm bewisen, wéi gutt si sech upasse kann. D’Digitaliséierung huet sech dobäi als essentielle Léisungsusaz erwisen. D‘Telemedizin ass ausgebaut ginn, d’Schüler léieren am Homeschooling an och den absolutte Stëllstand vun eiser Ekonomie konnt verhënnert ginn.

Jorelaang ass zu Lëtzebuerg iwwert den Télétravail diskutéiert ginn, ma säi Potential ass ni wierklech genotzt ginn. Wéinst der Kris huet elo misse séier gehandelt ginn. Mam Resultat, datt den Télétravail an enger ganzer Rei vu Secteuren ouni gréisser Problemer ëmgesat ginn ass.

De Staat ass hei mat gudde Beispill virgaangen. De Marc Hansen, Minister vun der Fonction publique, huet dozou d‘lescht Woch an engem Interview e puer Zuele genannt. Wärend am Februar 4.600 Staatsbeamten Zougrëff op staatlech Serveren haten, sinn et der haut schonn 10.000, déi vum Homeoffice profitéieren. Dobäi kommen nach 12.000 Enseignanten, déi vun doheem aus Schoul halen.

Am Februar gouf an der Fonction publique 4.000 Minutte laang digital kommunizéiert. Am Mäerz waren et schonn 150.000 Minutten. Dat ënnersträicht, wéi effikass den Homeoffice ass.

Och privat Betriber a Firme setze verstäerkt op den Télétravail. D’DP gesäit hei een enormt Potential, dat an Zukunft soll bäibehalen an ausgebaut ginn. Mir wäerten den Télétravail och no der Kris weider fërderen andeems mir ënnert anerem steierlech Ureizer fir d'Salariéen an d'Betriber schafen.


➡️ Weider Informatioune fannt dir op https://coronavirus.gouvernement.lu/lb.html


Marc Hansen