Sie sind hier
Vill Vereinfachungen duerch Omnibus-Gesetz
Haut gouf dat laang erwaarten Omnibus-Gesetz gestëmmt. Doduercher goufe
Autorisation tacite
D’DP huet sech ëmmer derfir agesat fir e fléissenden Oflaf vun den administrative Weeër ze erreechen. "Den Henri Grethen huet schonns 1992 eng Proposition de loi deposéiert fir d’Autorisation tacite anzeféieren. Deemools war de Prinzip, datt wann d’Verwaltung no engem gewëssen Delai keng Äntwert ginn huet, d’Autorisatioun gi wier nach utopesch, haut gëtt dat endlech ëmgesat", esou de Gusty Graas während senger Interventioun.
Méi séier Prozeduren
"De Bierger huet d’Recht op eng Äntwert an engem raisonnabelen Delai an d’Verwaltungen hunn och eng Obligatioun vis-à-vis vum Bierger d’Demanden sou séier wéi méiglech ze traitéieren", esou de Süd-Deputéierten iwwert d’Vereinfachungen, déi duerch d’Omnibus-Gesetz a Kraaft trieden. De Gusty Graas ass sech sécher, dass mat dësem Gesetz dem Terme Simplifcation administrative
Never ending process
Dat heite Gesetz ass sécherlech e gudden Depart, mä mir sinn nach net op der Zilllinn ukomm. D’Demokratesch Partei begréisst dofir, dass de Minister nach virun Ouschteren de Programm "Einfach Lëtzebuerg" virstelle wäert. An dësem wäerten iwwert 100 konkret Mesuren drastoen, déi alleguerten als Zil hunn dem Bierger d’Liewe méi einfach ze maachen!
Ried vum Gusty Graas