Sie sind hier

Ëffnungszäiten

News Tribune libre Gesellschaft Mittelstand Wirtschaft Carole Hartmann

Léif Nolauschterer,

An Amerika gëtt et zanter dem Zweete Weltkrich eng Supermarchés-Chaîne, déi sech 7-Eleven nennt. Firwat heeschen déi Geschäfter esou? Ma well se deemools scho vu mueres 7 bis owes 11 Auer op waren.

7-Eleven, eng Mark, déi an den USA esou bekannt ass wéi Coca-Cola oder Levi’s... en Deel vum amerikanesche Patrimoine... a Bicher an a Lidder veréiwegt.

Zu Lëtzebuerg maachen d’Butteker – 70 Joer no 7-Eleven – an der Reegel tëscht 7 an 9 Auer op an owes tëscht 6 an 8 Auer nees zou. Dat gëllt, wéi gesot, fir de Gros vun de Geschäfter, ma net fir se alleguerten.

An dofir huet sech e Bäcker vun Déifferdeng scho méi laang doriwwer geiergert, datt d’Tankstell niewendru konnt fréi mueres Mëtsche verkafen, während hien – de Bäcker – nach huet musse Stonne waarden, ier en duerft lass fueren.

Dir wësst wéi d’Geschicht ausgaangen ass: de Bäcker krut keng Derogatioun fir méi fréi Ëffnungszäiten, ass viru Geriicht gaangen a krut schlussendlech Recht. D’Regierung huet dunn dem ganze Sekter vum Liewensmëttelhandwierk eng Ausnamereegelung fir 2018 ginn.

Elo gëtt eng Etüd gemaach an da soll mat alle Partner gekuckt ginn, ob a wéi d’Ëffnungszäite vum Handel hei am Land ugepasst ginn. Ugepasst heescht an dësem Fall wuel éischter, datt d’Zäite wäerten ausgebaut ginn.

Bis elo kann de Commerce, dee gutt 50 000 Leit zu Lëtzebuerg beschäftegt, am Prinzip vu 06 Auer mueres bis 07 oder 08 Auer owes opmaachen. Sonndes a feierdeegs si speziell Accorde virgesinn. An dann hänkt et och dovunner of, ob de Betrib e Kollektivvertrag huet oder net. Ausnahme gëtt et z.B. fir d’Tankstellen.

Wat eis vun der DP awer net wëll aliichten, dat ass d’Aart a Weis, wéi Gemengen a Geschäfter musse Joer fir Joer Derogatiounen ufroen, fir datt si kënne sonndes opmaachen. Respektif firwat eng Stad Lëtzebuerg net prinzipiell de Statut vun enger „ville touristique“ kritt, esou wéi aner méi kleng Uertschaften am Land, besonnesch laanscht d’Grenzen. Fir datt mer eis richteg verstinn!, mir sinn net dogéint, datt dee Commerce dat dierf, mais mir wëllen, datt dee Krämpche mat den Demanden ee fir allemol ophéiert. Fräi nom Motto: „Loosst d’Leit schaffen, wa se wëlle schaffen!“.

D’DP ass gespaant op d’Resultater vun der Etüd, déi elo am Optrag vum Wirtschaftsministère bei de Patronen a bei de Beschäftegte vum Handel  gemaach gëtt. An och gespaant op d’Konklusiounen, déi sollen am Sozialdialog dorausser gezu ginn.

Zanter der Jurisprudenz am Fall vum Bäcker vun Déifferdeng steet d’Politik an der Verantwortung, fir ze reagéieren a fir d’Legislatioun unzepassen. Well eent ass kloer: déi digitaliséiert Welt ännert ganz rapid an den Handel ass d’Lokomotiv dovunner.

D’DP ass awer dovunner iwwerzeegt, datt mer weider reell Butteker – op grouss oder kleng – brauchen. Fir de Fonctionnement vun eiser Gesellschaft, fir d’Attraktivitéit vun eise Stied an Uertschaften... als Plaz, wou d’Leit zesumme kommen.

An dofir fanne mir, datt d’Ausnam soll zur Reegel ginn. D.h. datt déi Zäite sollen definitiv eriwwer sinn, wou een huet mussen eng Demande maachen, fir méi fréi, méi spéit oder sonndes opzemaachen.

Dat Ganzt selbstverständlech am Respekt vum Aarbechtsrecht.

 


Carole Hartmann