Sie sind hier

De Robert Gitzinger huet eis verlooss

News

Am Alter vu 96 Joer ass eise Frënn Robert Gitzinger gestuerwen, deen en Donneschdeg virun enger Woch säi leschte Gebuertsdag gefeiert huet.

Den Éierendeputéierte war vun 1979 bis 1984 an du vun 1988 bis 1994 am Ganzen eelef Joer laang fir d’DP an der Chamber.

Um Krautmaart huet de Kellerei-Direkter vu Caves Saint-Martin sech zemol fir de Wäibau a fir den Tourismus un der Musel agesat.

De Verstuerwene war Member vun de Kommissioune vun der Landesplanung, vum Mëttelstand, vun der Ëmwelt, vum Transport a vun der Energie, vun de Petitiounen, vun der Landwirtschaft a vun den ëffentleche Bauten. Ausserdeem war hie Member vun der Spezialkommissioun iwwer Cattenom, vum Benelux-Parlament a vum interregionale Parlamentarier-Rot. D’Chamber huet dem Verstuerwenen e Mëttwoch an der Plénière geduecht.

A senger Heemecht Réimech ass de Robert Gitzinger 1975 an de Gemengerot gewielt ginn, wou hien 24 Joer laang bleiwe sollt. 3 Joer dovunner als Buergermeeschter a 5 als Schäffen. Fir Réimech war hien och laang Zäit am Comité de Gérance vum Office National du Tourisme.

De Robert Gitzinger huet bis un d’Enn vu sengem Liewen doheem gewunnt an ass dacks a gären an d’Jousefshaus iesse gaangen.

D’DP trauert em de Robert Gitzinger a seet senger Famill hiert éierlecht Bäileed.