Sie sind hier

Kryptowärungen: Aktualitéitsstonn an der Chamber

News Finanzen Medien und ICT Eugène Berger Pierre Gramegna

D’Deputéiert hu sech dësen Donneschden um Krautmaart an enger Heure d’actualité mam Sujet vun de Kryptowärunge befaasst. Bitcoin ass, spéitstens zënter dem leschten Dezember, wéi de Cours zolidd agebrach war, e ganz aktuellt Thema, dat och ëmmer erëm an de Medien ass. Bitcoin gëtt et allerdéngs scho vill méi laang. 2008, virun 10 Joer also, ass d’Blockchain Technologie, op där dës digital Währung baséiert, erfonnt ginn, Bitcoin ee Joer duerno.

Entretemps ass de Maart un digitale Währungen explodéiert, sou dass et der haut méi wéi 1 500 weltwäit gëtt. De leschten Dezember huet de Kryptowährungsmarché esouguer zäitweis e Wäert vun iwwer 800 Milliarden Dollar erreecht. Virun deem Hannergrond ass et natierlech méi wéi berechtegt, fir sech ze froen, wat dat fir de Finanzsecteur insgesamt a fir d’Finanzplaz Lëtzebuerg am spezielle bedeit.

Risike vu Kryptowärungen

A senger Interventioun huet eise Fraktiounspresident Eugène Berger op d’Risike vun dëse Währungen higewisen. Zum enge gi se ëmmer erëm mat kriminellen Aktivitéiten um Internet a mat Geldwäsch a Verbindung bruecht, wëll se am Prinzip anonym gehandelt ginn. Déi zwou grouss Kryptoboursen, bitstamp a bitflyer, déi et zu Lëtzebuerg gëtt, ënnerleien de selwechte strengen Oploe vum Finanzsecteur, wéi all déi aner Acteuren. Duerfir sinn illegal Aktivitéiten op deem Wee onméiglech.

Allerdéngs warnt d’CSSF an engem Communiqué virun der Spekulatioun mat de Kryptowärungen. Well se nämlech kenger zentraler Opsiicht ënnerleien, si se extrem volatil, an den Investor kann all seng Sue verléieren, ouni Méiglechkeet fir duerno entschiedegt ze ginn.

Aus deem Grond bräicht een en adequaten, legale Kader ronderëm d’Kryptowärungen, mee dat misst op internationalem Niveau geschéien, sou den Eugène Berger weider. E Land eleng kann do net vill maachen, quitt dass Lëtzebuerg sech international dofir asetze sollt.

Blockchain als Innovatiounsquell

Dobäi sinn eigentlech net d’Kryptowärungen fir Lëtzebuerg interessant, mee vill méi d’Blockchain-Technologie. Graff gesot, ass dat en dezentrale Regëster, an deem all Transaktioun vun de bedeelegten Acteuren transparent an absolut sécher virun Hackere gespäichert ginn. Eng Applikatioun vun deem System ass, wéi gesot, eng Währung, mee d’Méiglechkeete sinn am Fong bal onbegrenzt.

D’Blockchain stellt eng technologesch Revolutioun duer, well se e Problem geléist huet, un deem Wëssenschaftler 20 Joer laang geschafft hunn. Si schallt effektiv de Besoin fir e Mëttelsmann aus, deen als Bierg d’Gëltegkeet vun enger Transaktioun confirméiert. Si versprécht op déi Manéier e groussen Impakt op eis Gesellschaft ze hunn – och wann nach onkloer ass wéi a wéi staark – an och eng Rëtsch nei, emergent Secteuren ze produzéieren.

Domadder stellt d’Blockchain, an där och den Eugène Berger grousst Potenzial gesäit, e wichtege Faktor fir Innovatioun a wirtschaftleche Wuesstem duer, an et ass wichteg, dass Lëtzebuerg sech an deem Kader als Virreider positionéiert.

Initiativen zu Lëtzebuerg

A senger Ried huet den Eugène Berger och op di sëllechen Initiative verwisen, déi Lëtzebuerg an deem Beräich opzeweisen huet, wéi z.B. Digital Luxembourg, LHoFT (Luxembourg House of Financial Technology) an Infrachain. Besonnesch déi lescht ass eng Plattform, fir ëffentlech a privat Acteure, fir sech auszetauschen an innovativ Applikatioune vun der Blockchain Technologie, fir déi lëtzebuergesch Wirtschaft z’entwéckelen. Dat wier déi richteg Approche, an an déi Richtung misst een och weider maachen.

De Finanzminister Pierre Gramegna iwwerdeems huet d’Kryptowärungen an d’Blockchain an de gréissere Kontext vun der Digitalisatioun gestallt, nieft weideren Elementer wéi Fintech, kënschtlecher Intelligenz, Regtech (Regulatory Technology) asw. Sécherlech géif et valabel Kritike ginn an och eng Rëtsch Froen, ob déi een net all eng Äntwert hätt, mee wéi och déi aner Elementer hu Kryptowärungen an d’Blockchain grousst Potenzial a maachen nei Dieren op. Dofir géif Lëtzebuerg vun Ufank un eng proaktiv Strategie verfollegen a wier um Niveau vum FMI a vun der EU och ganz no um Ball.

 


Eugène Berger

Pierre Gramegna