Sie sind hier

UNESCO-Weltdag vun der Mammesprooch

News Bildung Gesellschaft Kultur Claude Meisch

„Eis Sprooch“

D’Lëtzebuerger Sprooch ass de Kär vun eiser Identitéit. Si spillt eng Schlësselroll bei der Vermëttlung vun eiser Kultur, eisen Traditiounen an eiser Geschicht. Als Integratiouns- an als Alldagssprooch dréit si e wesentlechen Deel zur sozialer Kohesioun bäi.

2017 huet de Bildungsminister Claude Meisch eng ëmfaassend Strategie ausgeschafft fir de Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch ze stäerken, d’Norméierung, de Gebrauch an d’Etüd vun der Lëtzebuerger Sprooch virunzedreiwen, ewéi och d’lëtzebuergesch-sproocheg Kultur an d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch ze promouvéieren.

An deem Kader huet den Educatiounsministère zesumme mam Ministère fir d‘Kultur ­den Poste vum Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch an een Zentrum fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) geschaaft. Donieft gouf een ambitiéisen 20-Joresplang fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch entwéckelt. 

Mat der Aféierung vun der méisproocheger Fréifuerderung huet de Minister Claude Meisch scho wärend der leschter Legislaturperiod séchergestallt, datt an alle staatlech ënnerstëtzte Kannerbetreiungsstrukture Lëtzebuergesch geschwat gëtt. D'Kanner ginn domat un d'Lëtzebuergesch erugefouert a gi spilleresch op d'Schoul virbereet. Och d‘Offer u Lëtzebuergesch-Course fir déi Erwuesse gouf vergréissert.

Am Walprogramm 2018-2023 huet d’DP sech kloer fir d’Ëmsetzung vum 20-Joresplang staark gemaach. Nieft dem Bau vun engem „Lëtzebuerg Haus“, well d'DP obligatoresch Lëtzebuergesch-Coursen an de Privatschoulen aféieren an d’Offer u Coursen am Gesondheetssecteur weider auszebauen. Ausserdeem sollen d’Bierger an Zukunft d’Méiglechkeet kréien sech op Lëtzebuergesch un d’EU-Institutiounen z’adresséieren an och eng Äntwert op Lëtzebuergesch ze kréien.

Nieft dëse Punkten, wollt een der Lëtzebuerger Sprooch en Accès an déi virtuell Welt verschafen an dee räiche Wuertschatz als Deel vun eiser Kultur dokumentéieren. A genee hei konnt den DP-gefouerten Educatiounsministère scho villes erreechen!

Den Ausbau vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) a vum Korrekturprogramm Spellchecker war en éischte grousse Succès. De nächste Meilestee gouf duerch d‘Zësammenarbecht mat Microsoft geluecht: d’Wierderlëscht vum LOD gouf nämlech an de Schreifprogramm Word integréiert.

Viru kuerzem dunn de nächste grousse Projet. Am Dezember 2020 huet de Bildungsministère zesumme mam ZLS een Dictionnaire entwéckelt mat ale Lëtzebuerger Wierder, Ausdréck a Spréch, déi riskéieren an de Vergiess ze geroden. Aläert, jauwen, Zockerboun – 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch“ – esou heescht den éischte Band vun der neier Serie Lëtzebuerger Wuertschatz. Insgesamt sinn 12 Bänn virgesinn. Ee Buch mat Lëtzebuerger Frechheete wéi BlaniDräibiz, an Hännes kéint een sech och nach virstellen.

Dat flott un dësem éischte Buch ass, datt d’Bierger selwer konnte Wierder proposéieren, déi hinnen um Häerz léien an déi hirer Meenung no net vergiess dierfe ginn. Och fir déi nächst Bicher soll d’Aktioun #Wonschwuert nees lancéiert ginn. Nieft der Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“ huet den ZLS awer och nach Bicher fir d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sproch erausbruecht ­– „D’Lëtzebuerger Verben“, d‘„Lëtzebuerger Grammatik“ an d‘„Lëtzebuerger Orthografie“.

Den Ament gëtt ausserdeem un enger Anatomie-Kaart mat Lëtzebuergesche Bezeechnunge vu Kierperdeeler geschafft. Déi kéint da spéiderhin an d’Waardesäll oder an d'Praxissen opgehaange ginn, esou de Claude Meisch. Gläichzäiteg gëtt och ee Covid-19 Glossaire mat Lëtzebuergeschen Terminologien iwwer d‘Pandemie entwéckelt. An Zukunft soll dann och nach eng LOD-App op de Marché kommen.


 

Claude Meisch