Sie sind hier

Renovatioun an Ausbau vum Lycée Michel Rodange

News Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

D’Chamber huet dësen Dënschden an hirem Vott gréng Luucht gi fir de Gesetzesprojet 7135. Domat gëtt de Lycée Michel Rodange um Geesseknäppchen déifgräifend renovéiert an ausgebaut. D’Gebai, dat bal 50 Joer um Bockel huet, wier u sech zwar nach an der Rei, mee et géing ebe verschiddene Standarden net méi entspriechen, wéi z.B. a Saachen Energieverbrauch a Sécherheet. Mee och vu dass d’pedagogesch Konzepter zënter de 70er staark evoluéiert hunn an hautdesdaags verstäerkt op Gruppenaarbechten, travaux pratiques, travaux dirigés a Projete gesat gëtt, géif d’Gebai net méi allen Ufuerderungen entspriechen.

Konkret sollen net nëmmen zousätzlech Klassesäll geschaaft ginn, mee se sollen och integral néi konzipéiert ginn, mat besonnescher Récksiicht op d’Akustik, d’Beliichtung an d’Loftqualitéit. Op den Daach komme Planzenanlagen, déi de Reen opfänken, an och Solarzelle fir Stroum ze produzéieren.

Donieft ass och en neit Gebai geplangt, an deem eng Turnhal, e Festsall an eng Kantinne Plaz kréien, grad ewéi d’Uleeë vun engem Geméisgaart.

De liberalen Deputéierte Gusty Graas huet de Projet begréisst a fonnt dass et héich Zäit gi wier. Besonnesch luewenswäert huet hie fonnt, dass eng nei Sportshal gebaut soll ginn, a grad am Kontext vun der Obesitéit vun de Schüler op d’Wichtegkeet vum Sport higewisen.

Mir kënnen d’Regierung nëmmen ënnerstëtzen op deem Wee do weiderzefueren, well et si jo och nach eng Rei aner Gebaier déi an Zukunft musse renovéiert ginn.

Bei engem Käschtepunkt vu ronn 60 Milliounen Euro sollen d’Aarbechten 3 Joer daueren.

 

Ried vum Gusty Graas

 


Gusty Graas