Sie sind hier

Mëttelstand stäerken, Bierger gerecht entlaaschten

News Chamberwalen Arbeit Finanzen Steuern Wirtschaft Corinne Cahen Pierre Gramegna

 

De Lëtzebuerger Erfollegsmodell weiderdenken

D’DP ass dovunner iwwerzeegt, datt Lëtzebuerg e staarke Wuesstem brauch, fir säi generéise Sozialsystem ofzesécheren. D’DP wäert dofir d’Zukunftsstrategie fir eist Land weiderentwéckelen an dobäi op e laangfristegen an nohaltege Wirtschaftsmodell setzen. D’DP wëll ee verantwortleche Wuesstemsmodell fir eist Land opbauen, deen sech och senger sozialer Verantwortung bewosst ass an deen d’Leit un de Friichte vum wirtschaftlechem Erfolleg deelhuele léisst.

"D'DP wëll méi mat manner. Mir wëlle Wuesstem awer mat manner Ressourcen. Mir wëlle méi Qualitéit mat manner Quantitéit. Fir wëllen eng nohalteg an intelligent Standuertpolitik : Dat ass fir eis "Zukunft op Lëtzebuergesch"", eosu de Finanzminister Pierre Gramegna.

Wann et dem Land gutt geet, da soll et och de Bierger gutt goen

Déi steierpolitesch Entlaaschtung vun de Mëttelschichte bleift e wichtegt Uleies vun der DP. De Finanzminister Pierre Gramegna huet ugekënnegt, datt d’DP och weider wäert d’Bierger an d’Entreprisen iwwer Steierentlaaschtungen um Succès vun eisem Land bedeelegen. Opgrond vun där gudder Finanzsituatioun kéint een weider Entlaaschtungen am Sënn vun de Bierger ëmsetzen. An och d’Entreprise – zemol déi kleng- a mëttelgrouss – sollen zousätzlech steierlech entlaascht ginn, fir hir Konkurrenzfäegkeet  esou ze stäerken.

Iwwerdeems setzt sech d'DP och fir en neutrale Steiersystem an, onofhängeg dovunner op wéi eng Manéier d’Leit zesummeliewe wëllen. D’DP wëll dofir Steiervirdeeler och no an no vun engem Trau- oder engem Pacs-Schäin lassléisen an dofir un d’Persoun koppelen. Dëst wäert eise Steiersystem net nëmmen un d'Realitéite vun haut upassen, mä en virun allem och méi sozial gerecht maachen.

Fir e staarken an innovative Mëttelstand

D'Parteipresidentin Corinne Cahen huet iwwerdeems ënnerstrach, datt d'Ënnerstëtzung vun de klenge- a mëttelstännege Betriber eng absolut Prioritéit vun der DP wier. "De Mëttelstand aass d’Réckkräiz vun eiser Ekonomie, deen net nëmmen Aarbechtsplaze schaaft, ma och fest an eisem Land verwuerzelt ass. Mir wäerten d'Betriber mat enger begrenzter Zuel u Salariéen an Ëmsaz duerch eng weider Baisse vun der Kierperschaftssteier geziilt entlaaschten", esou d'Familljenministesch.     

Ee weidert Uleies vu der DP ass d'Liberaliséierug vun den Aarbechtszäiten. D’DP wäert dem Handel zu Lëtzebuerg d’Méiglechkeet ginn, fir sech dem verännerte Kafverhale vun de Leit unzepassen. All Geschäft soll selwer decidéiere kënnen, wéini et op- an zoumécht. D’DP wäert an deem Sënn eng generell Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten am Commerce – am Respekt mam Aarbechtsrecht – ëmsetzen.  

 

AnhangGröße
PDF Icon Pressedossier_Finanzen.pdf164.83 KB