Sie sind hier

D'Digitaliséierung als Chance gesinn!

News Tribune libre Medien und ICT Eugène Berger

Léif Nolauschterinnen, léif Nolauschterer,

De Computer, den Internet, di digital Technologien, verännere grondleeënd eis Welt, an eisen Alldag. Och eist Aarbechtsliewe gëtt ëmmer méi dovu bestëmmt. Dofir gëtt d’Digitaliséierung och emol als als Gefor duergestallt. Di Suerge soll een net ignoréieren…

Mee d’DP gesäit d’Digitaliséierung virun allem als eng Chance!

Mir sinn iwwerzeegt, datt di modern Technologien eis d'Liewe vereinfachen an eis Liewensqualitéit verbessere kënnen. Doheem, op der Aarbechtsplaz, an der Schoul, an der Mobilitéit, am Gesondheetswiesen an op villen anere Plazen ...

 

Dat kënne mer awer nëmmen erreechen, wann d’Politik de richtege Kader setzt. Ech denken do virop un de Beräich vun der Aarbecht.

 

Mat der Digitaliséierung changéiere Beruffer an d'Aarbecht ka méi einfach gemaach ginn.

 

Huelt nëmmen d’Beispill vum Bauer, deen haut computergesteiert Maschinnen huet, an doduerch de Stall oder d'Felder méi einfach ka bewirtschaften, wou e fréier haart huet musse schaffen.

Mat der Digitaliséierung verschwanne sécher och Beruffsbiller, mee op der anerer Säit entsti ganz néi Beruffer.

Duerch de Computer an néi Technologië wäert et dofir an Zukunft net onbedéngt manner Aarbechtsplaze ginn, mee virun allem aner Aarbechtsplazen.

E gutt Beispill duerfir ass den Home Office oder Télétravail, eng Form vun Aarbecht, wou d'Leit vun doheem aus mam Computer schaffen.

Dat gëtt et scho vereenzelt a Privatentreprisen, grad ewéi am Kader vun eenzele Pilotprojete beim Staat.

D'Leit kënnen dobäi hir Aarbecht méi individuell a flexibel doheem um PC organiséieren. Ënnert dem Stréch bleift och mol di eng oder aner Kéier méi Zäit fir d’Famill oder d’Fräizäit.

Den Home office muss awer esou organiséiert ginn, datt de Mataarbechter an der Woch deen een oder aneren Dag an d'Entreprise schaffe geet, well de Kontakt an den Austausch mat den anere Mataarbechter ass weider wichteg.

Net ze vergiessen: beim Télétravail spuert ee vill Zäit a Sue mam Transport, dee gréisstendeels ewech fällt. Home office ass also och eng Léisung fir eng besser Mobilitéit a manner Trafic zu Lëtzebuerg.

D’DP wëll aus all dëse Grënn den Home Office op alle Fall méi fërderen.

D’DP wëll dofir e gesetzleche Kader schafen, dee genau reegelt wat méiglech ass, a wéi d’Rechter, esouwuel vun de Salariéen, wéi och vun de Betriber, kënne garantéiert bleiwen.

Ween Digitaliséierung vun der Aarbecht seet, dee muss seng Kanner och dorobber preparéieren.

Dofir wäert d’DP den Informatik-Unterrecht ausbauen an de Schüler op mannst e Basiswëssen an de Programméiersprooche vermëttelen. An deem Kontext wëlle mer jo och e Gratis-Tablett fir all Schüler am Land.

Fir di Léit, déi schonn am Beruffsliewe sti, wäerte mir d’Weiderbildung mat Bléck op Digitaliséierung ausbauen.

Mir wëllen z.B. all Salariéeën e Bildungsscheck zur Verfügung stellen, deen et hinnen erlaabt, e gratis Cours am Bezuch mat der digitaler Aarbechtswelt ze maachen.

D’DP gesäit d’Digitaliséierung och als Chance an der Fro, wéi sech Lëtzebuerg wirtschaftlech weiderentwéckelt, well se héich qualifizéiert an ëmweltfrëndlech Aarbechtsplaze schaaft an eng grouss ekonomesch Plus-value versprécht. Dat ass dat, wat mir ënner nohaltegem Wuesstem verstinn.

D'Regierung huet d'Land an de lëschte Jore gutt opgestallt, fir den digitalen Erfollegmodell Lëtzebuerg an d'Wee ze leeden: Mir hunn Datenzentren, performant Glasfaser-Reseauen, innovativ Startupen an der FinTech, mir hunn ee vun de wéinege Supercomputer vun der EU-Kommissioun kënnen op Lëtzebuerg kréien.

D’DP wëll all déi Méiglechkeete konsequent notzen, fir eist Land zum europäesche Virreider am Beräich vun den neien Technologien ze maachen.

Léif Nolauschterinnen, Léif Nolauschterer,

Dat waren nëmmen e puer Virschléi vun der DP, fir ze weisen, datt d’Digitaliséierung, wa mer se richteg uginn, eng Chance ass, fir deem eenzelen d'Liewe méi einfach ze maachen, an och eng Chance, fir en néien, digitalen Erfollegmodell Lëtzebuerg op d'Schinnen ze setzen.

 


Eugène Berger

AnhangGröße
Audio Icon 20180604_eberger_tribune_libre.mp33.79 MB