Sie sind hier

Erhaalen vum Bësch

News Klimaschutz und Energie Max Hahn

Den DP-Deputéierte Max Hahn huet am Kader vun enger Konsultatiounsdebatt zum Code Forestier gesot, datt hien optimistesch ass, datt well verschidden Akteuren agebonne sinn, sief et d'Privatbëschbesëtzer oder d'Ëmweltorganisatiounen, e gudde Kompromëss beim neien Code Forestier wäert erauskommen. Dës Akteure hunn nämlech eppes all gemeinsam an dat ass hir Léift zum Bësch!

Am Kader vum Debat huet de Süddeputéierten och d’Positioun vun der Demokratescher Partei zu 5 gestallte Froe presentéiert.

D'DP ass derfir, datt am Code Forestier d'Visioun vum Programme forestier national, kuerz PFN, an déi vum Forest Europe konfirméiert gëtt ouni awer elo de Forest Europe spezifesch am Gesetz ze nennen.

Ob d’Fro wéi d'Responsabilitéite solle geregelt ginn am Fall, wou eng Persoun an de Bësch geet an hir do eppes geschitt, huet de Max Hahn gesot, datt hien sech de franséische Modell fir Lëtzebuerg gutt kéint virstellen. Do gräift net déi normal Responsabilité civile vum Besëtzer, ma virun allem d'Responsabilité pour faute. Et soll nämlech jidderengem deen an de Bësch geet bewosst sinn, datt an engem natierlechen Ëmfeld eng gewësse Virsiicht gebueden ass. Ëmgedréit dierf et awer och keen Fräifahrtschäin fir de Propriétaire ginn.

Wann et ëm d’Remuneratioun vun de Servicer déi de Bësch fir d'Allgemengheet leescht ugeet, sou ass d'DP kloer dofir, datt de Prinzip vun enger Kompensatioun an de Code forestier soll ageschriwwe ginn. Et ass awer net méiglech all ökologesch Plus-value ze kompenséieren.

Wat d’Couverture vun der momentaner Bëschfläch ugeet, sou sot de Max Hahn, datt Lëtzebuerg soll zu sengen internationalen Engagementer stoe a beschtméiglechst fir d’Erhale vun eisem Bësch ze suergen. Et muss een awer gutt oppassen, datt d’ Erhaalen vum Bësch net op d’Käschten vum Akerland geet, well dat fir Kompensatiounsmoossnahmen genotz gëtt.

Zum Schluss huet den DP-Deputéierten ervirgestrach, datt wann et ëm den Equiliber tëschent deene verschiddene Funktiounen, déi e Bësch erfëllt geet, de Bësch e richtegt Multitalent an immens wäertvoll fir eisen Ökosystem ass. Fir hien ass et och d'Aufgab vun der Politik fir e Kader ze definéieren, deen dësen Equiliber tëschent der Wirtschaftlechkeet, dem Sozialen an der Ëmwelt oprecht erhält.

Zur Wirtschaftlechkeet vum Bësch sot de Max Hahn och folgendes: “Wat awer oft vergiess gëtt, ass datt de Bësch och e wichtege wirtschaftleche Facteur huet. Grad den Ënnerhalt an d'Erneierung vun de Bëscher sinn oft dowéinst passéiert, well de Bësch vun deene 14000 Privatbëschbesëtzer och wirtschaftlech genotzt ginn ass. An dat ass richteg esou.

Weider Informatiounen

Ried vum Max Hahn [méi...]

Max Hahn