Sie sind hier

COP 23: Ambitiéis Ziler eleng ginn net duer

News Klimaschutz und Energie Max Hahn

En Dënschden an der Chamber ass den DP-Deputéierte Max Hahn op d’Resultater vun der Klimakonferenz COP23 zu Bonn, déi vun de Fidschi-Inselen organiséiert goufen, agaangen. „Nëmme wa jiddereen eng Hand mat upéckt, packe mir et zesummen, deenen déi no eis kommen, eng liewenswäert Welt ze hannerloossen, sou d’Kärausso vum Süd-Deputéierten.

Klimapolitik ass Iwwerliewenspolitik

„Fir d’Fidschi-Inselen ass Klimapolitik Iwwerliewenspolitik ! Wann all d’Länner zesummen, net déi néideg Efforte maache fir d’Äerderwiermung ze stoppen, da wäerten si déi éischt Affer sinn, a mir wäerten op der Welt no enger Flüchtlingskrise, ausgeléist duerch Krich an Honger, eng nei Flüchtlingskrise erliewen, ausgeléist duerch Klimakatastrophen.“ huet de Max Hahn gewarnt !

Ambitiéis Ziler eleng ginn net duer

Zu Paräis hat een sech 2015 ambitiéis Ziler gesat fir géint de Klimawandel virzegoen. „Mä et geet leider net duer sech ambitiéis Ziler ze setzen, et muss een se och ëmsetzen. Wann ee weess, dass Frankräich seng Klimaziler nëmmen erreeche kann, wann si hir Atomkraaftwierker net ofstellen, da stellt een sech Froen“, sou de Max Hahn, dee bedauert huet, datt d’Euphorie, déi et nom Accord vu Paräis gouf, sou lues verflu wier.

Mir mussen ëmdenken

De Max Hahn huet och erwäänt, datt zu Lëtzebuerg vill Efforten déi lescht Jore gemaach goufen, besonnesch am Beräich energetescht-sënnvollt Bauen. Elo gëllt et och bei der Albausanéierung mat deene ville Mesuren, déi d’Regierung hei zur Verfügung stellt, Stéchwuert Klimabank, nozeleeën. „Wann ee weess, dass bal 70% vun den Emissiounen, déi Lëtzebuerg ugerechent ginn, vum Transport hierkommen, da weess een dass mir eis Aart a Weis ewéi mir eis fortbeweegen, mussen a Fro stellen. Wann ech déi vill Innovatioune gesinn, déi duerch d’Digitalisatioun an déi nei Technologien entstinn, da gesinn ech awer och riseg Chancen“, sou de Süd-Deputéierten.

 


Ried vum Max Hahn

 


Max Hahn