Sie sind hier

#Stage am Fondamental: Verkierze vum Stage a méi Begleedung fir d'Enseignanten

News Bildung Claude Meisch

De Bildungsminister Claude Meisch huet haut weider Adaptatioune vum Stage am Fondamental ugekënnegt. No konstruktive Gespréicher hätt een sech zesumme mat de Gewerkschaften op eng Rëtsch Verbesserungen zu Gonschte vun den Enseignante gëeenegt.

Esou sollen z.B an Zukunft fäerdeg ausgebilten Enseignante just nach ee Joer Stage maache mussen. Dono kënnt eng sougenannten „Phase d'approfondissement“ iwwer ee weidert Joer, déi virun allem de jonken Enseignante soll hëllefen, fir Fouss am Beruff ze fannen. Nieft dem Mémoire falen och ee puer Examen ewech.

D'Neierunge solle scho fir déi nächst Rentrée a Kraaft trieden.

 


Claude Meisch