Sie sind hier

Chancëgläichheet: E Gesetz alleng geet net duer

News Gesellschaft Gusty Graas

D’Objektiver vum neie Gesetz a Punkto Chancëgläichheet dat en Donneschden an der Chamber ugeholl gouf, sinn duebel. Engersäits ass de Prinzip vun der égalité de salaire zwëschent Männer a Fraen an d’Gesetz verankert ginn, an op der anersäit ass d’Parteiefinanzéierung elo u Quote gebonnen, sou datt d’Wahllëschte fir d’Chamber- an Europawahlen zu 40% aus dem ënnerrepresentéierte Geschlecht bestoe sollen.

An de leschte Joerzéngten huet sech um gesellschaftspolitesche Plang villes gedoe, fir d’Situatioun vun de Fraen ze stäerken, wéi zum Beispill d’Legaliséiere vum IVG. Tabuen si gefall an Theme wéi d’Chancëgläichheet ginn ëmmer méi beschwat. Dëse Prinzip ass e laange Prozess, deen nach laang net ofgeschloss ass a vill Engagement freet.

De Süd-Deputéierte Gusty Graas huet am Numm vun der Demokratescher Partei déi Efforten déi dëst Gesetz duerstellt, begréisst. Hien huet awer betount, datt de Prinzip vun der Gläichberechtegung um Niveau vun de Salaire, dat virgesäit, datt Persoune fir déi nämmlecht Aarbecht och de nämmlechte Loun solle kréien, net iwwerstrapazéiert däerf ginn. Ouni de Prinzip a Fro ze stellen, muss de Patron nach d’Fräiheet hunn, eng Leeschtung kënnen ze honoréieren.

Am Kontext vun de Quoten fir d’Wahllëschten huet de Gusty Graas d’Diskussiounen erwähnt, déi 1919 stattfonnt hunn, wéi Lëtzebuerg de suffrage universel agefouert huet. Deemools goufen et nach Stëmmen, déi virum passiven an aktive Wahlrecht fir Frae gewarnt hunn, ënner anerem mam Argument, datt Fraen eventuell déi intellektuell Kapassitéit net hätten fir dëst Recht auszeüben. Och op d’Geschicht vun der Demokratescher Partei ass de Süd-Deputéierten agaangen. Dës beweist, datt Quoten net onbedéngt néideg si fir d’Frae fir d’Politik ze begeeschteren. D’DP huet bis elo well 3 Fraen als President gezielt: d’Colette Flesch, d’Lydie Polfer an aktuell d’Corinne Cahen. Momentan si 4 vun de 6 Zentrumsdeputéierte Fraen, a bei de Gemengewahlen 2005 sinn an der Stad déi 11 Sëtz vun der DP vu 8 Frae besat ginn.

Et bleift awer evident, datt Efforte musse gemaach gi fir datt sech méi Fraen un der Politik bedeelege an dat och um Gemengenniveau. Op deem Niveau Quoten anzeféiere gesäit de Gusty Graas awer éischter als kontraproduktiv an erënnert dru wéi schwéier et ass am Allgemenge Leit fir d’Gemengepolitik ze begeeschteren.

D’DP wäert e Maximum derzou bäidroen, datt méi Fraen um politesche Plang aktiv ginn, mee Quoten alleng ginn net duer. De gesamte Kader muss verbessert ginn fir datt Fraen hir Fräizäit fir d’Politik hierginn. De Congé parental ass eng vun de Mesuren, déi de Frae méi Fräiraum verschaafen.“ huet de Gusty Graas betount. Dofir ass et och wichteg, datt no e puer Joer e Bilan gemaach gëtt, well d’Hoffnung ass et jo, datt enges Daags gesetzlech Quoten iwwerflësseg ginn.

 

view video on chd.lu


Ried vum Gusty Graas

 


Gusty Graas