Sie sind hier

Aarbecht a Liewen

News Chamberwalen Arbeit Familie Renten Corinne Cahen Gilles Baum

D’DP huet an de leschte 5 Joer vill erreecht fir d’Leit déi schaffen. Dës Regierung huet et fäerdeg bruecht, de Chômage vun 7,1% op 5,5% erofzekréien. D’DP huet mat engem méi attraktive Congé parental derfir gesuergt, datt 70% méi Eltere vum neie Congé parental profitéieren an esou méi Zäit mat hire Kanner kënne verbréngen. D’Pappe profitéiere vum neie Pappecongé, dee vun 2 op 10 Deeg eropgaangen ass. D’Mamme kréien alleguerten no der Gebuert vum Puppelchen 12 Woche laang de „congé de maternité postnatal“. Mir hunn och de Congé fir Eltere méi flexibel gemaach, wann d’Kanner eemol krank sinn.

„D’Mënschen hunn ëmmer méi de Wonsch, nieft hirer Aarbecht méi Zäit fir hir Famill, Frënn an Hobbyen ze hunn“, esou d’Corinne Cahen. „D’DP wëll alle Bierger erméiglechen, hire Beruff an hir Fräizäit besser ënner een Hutt ze kréien. D’Wuel vun de Kanner an d’Liewensqualitéit vun all de Mënschen, egal ob se nach am Beruff sinn, oder pensionéiert, sti bei eis am Mëttelpunkt.“

D’DP wëll op déi erfollegräich Reformen opbauen an de Congé parental ausbauen. Mam Kannerveräinsbus, deen den Transport vun de Kanner aus de Schoulen a Maison Relaisen op ausserschoulesch Aktivitéiten an de Sports- a Kulturveräiner garantéiere soll, entlaaschten mir engersäits d’Elteren an ënnerstëtze gläichzäiteg eist Veräinsliewen.

D’DP wäert esouwuel de Mataarbechter wéi och de Betriber méi Flexibilitéit bei der Aarbechtszäit erméiglechen. Dozou d’Corinne Cahen: An Zukunft soll all Salarié mat sengem Patron seng Aarbechtszäite fräi verhandele kënnen. Et kann een an Zukunft also méi flexibel schaffen, et muss een awer net. Och an Zukunft soll kee méi ewéi 10 Stonnen den Dag an 48 Stonne pro Woch schaffen. Natierlech wäerten och d’Sonndes-, d’Nuets- an d’Feierdagsstonne weider extra bezuelt ginn.“ Fir méi Flexibilitéit wäerten och d’Aarbechtszäitkonte suergen, déi d’DP fir all Salarié aféiere wäert.

D’DP wäert e gesetzleche Kader fir den Télétravail schafen an esou d’Schaffe vun doheem aus méi staark fërderen. „De Staat soll hei mat gudde Beispill virgoen an den Télétravail an der Fonction publique ënnerstëtzen“, fuerdert d’Corinne Cahen. Fir de Gilles Baum ass och kloer, datt d’Leit um Enn vum Mount musse méi Netto vum Brutto iwwreg behalen. D’Festhalen um Index, d’Befreiung vun de Soziallaaschten bei geleeschten Iwwerstonnen an zousätzlech Saachleeschtunge si just e puer vun de Punkten, déi d’DP an de nächste Jore wëll upaken.

Eisem Pensiounssystem geet et gutt. Mir halen dofir um legale Rentenalter vu 65 Joer fest a kierze keng Leeschtungen“, esou de Gilles Baum D’DP wäert derfir suergen, datt och an Zukunft d’Leit am Alter gutt zu Lëtzebuerg liewe kënnen. Dozou gehéiert och, datt eeler Leit sech weider drop verloosse kënnen eng Plaz an engem Alters- oder Fleegeheim ze kréien. Mir wäerten d’Investitiounen an déi entspriechend Infrastrukturen héich halen a Leit a finanzieller Nout och weider ënnerstëtzen.

 

 

 

 

AnhangGröße
PDF Icon 20180912_pk_pressedossier.pdf164.27 KB