Sie sind hier

D'Nohaltegkeet an all senge Facetten

News Zu Gast im Land Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Als Politiker ass et eis Aufgab net nëmmen un haut ze denken, mä esou ze handelen, dass eis Liewensqualitéit op Dauer ofgeséchert ass. Dofir muss eng raisonnabel Approche och derfir suergen, dass eis Ëmwelt geschützt gëtt. Well ouni propper Loft a Waasser an engem gudde Buedem notzt déi modernsten Technologie näischt! Nohaltegkeet deklinéiert sech awer net nëmmen am ökologesche Beräich, mä och op de wirtschaftlechen an de sozialen Niveauen. Esou kënne mir eis Liewensqualitéit nëmmen hale wa mir weider an eis Infrastrukturen investéieren. An ouni gesond Staatsfinanzen ass eng nohalteg Sozialpolitik net dran.

Fir eng Agrikultur am Aklang mat der Natur

Och wann eis Landwirtschaft als Wirtschaftssecteur villäicht eng manner grouss Roll spillt wéi fréier, esou ass hire Stellewäert awer net a Fro gestallt. Mat 131.384 Hektar landwirtschaftlech genotzte Fläch kann een sech eist Land net ouni déi sëlleche Felder, Wisen, Wéngerten an Uebstbongerte virstellen. Aktuell bewirtschaften 2022 Bauerebetriber dës Flächen, dat sinn der zwar manner wéi an der Vergaangenheet, si erlaben et eis awer weider vill Iesswuere lokal an domadder nohalteg hierstellen ze kënnen. An dësem Zesummenhang ass et richteg, dass dat neit Agrargesetz speziell Primme fir Bauere virgesäit, déi Mesuren am Ëmweltschutz huelen. E wichtege weidere Schrëtt ass elo och, dass d'Baueren elo ënnerstëtzt gi wann se deelweis op de biologeschen Ubau ëmstellen.

E Waasserschutz fir Mënsch an Ëmwelt

Och de Waasserschutz ass e Beräich dee ganz enk mat der Nohaltegkeet verbonnen ass. Besonnesch am Quelleschutz goufen hei an de leschte Joren Efforte gemaach. Wa mir de Krunn doheem opmaachen, denke mir guer net méi, dass dëst Waasser belaascht kéint sinn, an dat soll och esou bleiwen. Well proppert Drénkwaasser eis all eppes ugeet, ass et dofir selbstverständlech fir sensibel Plazen ze schützen. Awer och beim Thema Kläranlage muss ee weider um Ball bleiwen, dat well verschidden Infrastrukture veraalt sinn an esou punktuell Adaptatiounen néideg sinn. Besonnesch déi réng mechanesch Anlage mussen der Vergaangenheet ugehéieren.

Alternativ Energien notzen

Eng aner Thematik an dësem Beräich ass natierlech d'Energie, hir Produktioun an hier Notzung. De Projet fir 800 weider Bornë fir elektronesch Autoen ze installéieren ass hei e Schrëtt an déi richteg Richtung. Luewenswäert ass och d'Steierreform, déi en Abattement fir d'Uschafe fir esou e Gefierer agefouert huet. Et bleift bis elo awer och nach weidert Potenzial ongenotzt, zum Beispill wat Solarenergie ugeet. Mat der positiver Entwécklung vum Präis vum Stroum aus esou Energien, kënnen dës Technologien haut scho mat de klassesche Produktiounsmethode mathalen.

Weider héich Investissementer an eis Mobilitéit

Fir eis Wirtschaft nohalteg ze gestalten an esou eis Liewensqualitéit op laang Siicht ze garantéieren, muss de Staat weider an der Mobilitéit handelen, dat besonnesch well et eiser Ekonomie erëm besser geet a weider Aarbechtsplaze geschafe ginn. Wann den Ausbau vun der A3 op dräi Bunne kuerzfristeg dës Streck entlaaschte wäert, sollt een awer och drun denke fir de Bussen, den Taxien an den Autoen an deene mindestens zwee Leit setzen eng gewësse Prioritéit ze ginn. Dëst kéint zum Beispill och iwwert d'Notze vun der Standspur geschéien.

Eis Staatsfinanze schreiwe gutt Zuelen

Mä all dës Mesurë sinn nëmme méiglech wann de Staat och seng finanziell Ressourcë responsabel geréiert. Mat engem zolitte Wuesstem deen de Chômage reduzéiert a mat gesonde Finanzen, huet de Staat Sputt fir am Interessi vum Land ze agéieren. Dës Regierung mécht eng responsabel a laangfristeg ausgeriichte Budgetspolitik, där hiert Ziel et ass, d'Land optimal op d'Erausfuerderunge virzebereeden, déi virun eis leien. Genau dat ass mat Nohaltegkeet gemengt.

 

Gusty Graas, DP-Deputéierten a Schäffen vun der Gemeng Beetebuerg

 


Gusty Graas