Sie sind hier

Familljepolitik – méi wéi just Kannergeld

News Tribune libre Familie Gilles Baum

Am Kader vun de Chamberdebatten zur Lag vun der natioun d’lescht Woch goung et natierlech och ëm d’Reformen am Beraich vun der Familljepolitik.

Nach virum Summer waert e Gesetzesprojet dat neit Kannergeld regelen : well ee Kand esou vill waert ass wéi en anert, waerten d’Elteren vun deenen Kanner, déi no der Reform op d’Welt kommen, fir all Kand 265€ de Mount kréien – daat as bei waitem den héchsten Betrag an der ganzer EU.

Déi Familljen, déi elo schon Kanner hun, behalen genau dat selwescht Kannergeld ewéi bis ëwell, esou dass keen méi schlecht ewech kënnt ewéi bis elo.

Doniewt waerten aner Mesuren dofir suergen dass d’Familljen gestärkt gin well kee Kand zu Lëtzebuerg am Armut opwuessen soll.

Den neien Congé parental as net nëmmen finanziell méi interessant, mee hien bidd och nei Modeller un, déi et erlaben Famill a Beruff besser openeen ofzestëmmen : niewt dem klasseschen Modell 6 Méint ganz oder 12 Méint hallef, waerten d’Elteren och kënnen 4 Méint ganz oder 8 Méint hallef huelen. De « fractionnéierten Modell » erlaabt ët 80% ze schaffen während 20 Méint respektiv 4 Méint zur Auswiel während 20 Méint beim Kand ze bleiwen. Mir sin iwerzeegt dass elo nach méi Pappen a Mammen waerten an de Genoss vum Congé Parental kommen.

Ab 2017 waert och di zweesproocheg Kannerbetreiung fir Kanner vun 1-4 Joër ulafen. Hei waerten d’Elteren vun bis zu 20h gratis d ‘Woch  kënnen profitéieren, well di kleng schon fréi un eng 2.Sprooch erun gefouert gin.

Bei der Subventioun-Loyer, déi sait Januar a Kraaft as fir manner gudd gestalten Familljen beim Loyer ënnert d’Aerm ze graifen, as e wichtegen Critère fir d’Héicht vun dëser Hëllef grad d’Unzuel vun de Kanner.

Och eng Rei Moosnahmen aus der Steierreform waerten d’Familljen weider ënnerstëtzen  : esou waert de Credit d’Impot monoparental verduebelt an och no sozialen Criteren gestaffelt gin, fir nëmmen dëst ze nennen !

Dir gesidd, Familljepolitik as vill méi wéi just Kannergeld.

Familljepolitik muss awer och ëmmer Hand an Hand goën mat der Bildungspolitik. Bildung ass nämlech dee beschte Wee, fir Chancen a Perspektiven fir eis Kanner ze schafen.

D’Grondlagen fir schoulesche Succès ginn an de ganz jonke Jore geluecht. Net alleng, awer och mat Hëllef vun enger qualitativ héichwäerteger Kannerbetreiung, mat enger méisproocheger Betreiung a mat enger Betreiung, déi och fir jiddweree finanziell méiglech ass. Fir  d’Kanner méiglechst gutt op eis Schoul ze preparéieren musse mer virdrun usetzen, an zwar bei der Kannerbetreiung. Nëmmen esou kënne mer d’Chancë vun all Kand, onofhängeg vu sengem sozialen, familiären, kulturellen oder sproochlechen Hannergrond verbesseren.

Mir wësse jo alleguerten, dass d’Sproochen den Haaptproblem fir vill Kanner a Jugendlecher duerstellen, wann ët ëm de schouleschen Erfolleg geet.

Wou also kënne mer den Hiewel am beschten an am sënnvollsten usetzen ? Et ass eng Tatsaach, dass d’Kanner a ganz jonke Joren immens liicht ophuelen, wann ët ëm d’Léiere vu Sprooche geet. Firwat also dës Méiglechkeeten net geziilt notzen? Frad wann ee weess wéivill Hanner hei am Land kee lëtzebuergesch méi doheem schwaetzen.

D’DP wëll, dass eis Schoul integréiert an nees zu engem soziale Lift gëtt.

DP setzt sech fir e Schoulsystem an, an deem all Kand seng Chance huet ze reusséieren.

D’ Kanner sin d’Zukunft vun eisem Land, an déi lait der DP immens um Haerz.

 


Gilles Baum

AnhangGröße
Audio Icon 20160502_tribune_libre_gbaum.mp36.06 MB