Sie sind hier

Weltwäite Virreider: Minister Claude Meisch annoncéiert Fuerschungsprojet!

News Ausnahmezustand Bildung Hochschule Claude Meisch

Am Kader vun engem Fuerschungsprojet, deen de Méinden uleeft, solle kënne 25% vun der Populatioun innerhalb vun enger Woch op COVID-19 getest ginn. Dat si bis zu 20.000 Persounen den Dag. Dat huet den Minister fir Héichschoul a Fuerschung, Claude Meisch, de Moien am RTL-Mëttesjournal annoncéiert. Domadder ass Lëtzebuerg weltwäite Virreider wat d'Testcapacitéiten ugeet. D'Zil vun deem breetugeluechte Projet ass et wëssenschaftlech Erkenntnisser iwwer d'Verbreedung vun der d'Longekrankheet COVID-19 hei am Land ze sammelen.

Schüler an Enseignanten ginn ugeschriwwen.

Ab nächstem Méinden ginn déi iwwer 6000 Schüler an iwwer 1500 Enseignanten op den Ofschlossklassen ugeschriwwen, fir sech fräiwëlleg op de Coronavirus testen ze loossen. D'Resultater vun den Tester wäerten zum Sécherheetsgefill bäidroen an eng sécher Schoulrentrée garantéieren, esou de Minister Claude Meisch. D'Gesondheet vun all de Schüler an Enseignanten hätten weiderhin absolut Prioritéit.

Mëtt Mee kann sech dann jiddereen op de COVID-19 testen loossen. Dofir ginn sougenannt Drive-In-Tester op bis zu 17 Plazen am Land ageriicht. Esou kréie mir als 1. Land op der Welt e kompletten Iwwerbléck vun den infizéierte Bierger a kënnen op Basis vun dësen Informatiounen de Mënschen erëm méi Fräiheeten erméiglechen.


➡️ Weider Informatioune fannt dir op https://coronavirus.gouvernement.lu/lb.html


Claude Meisch