Sie sind hier

Interpellatioun zum Brexit

News Finanzen André Bauler Eugène Berger

De Brexit ass de leschten 23. Juni 2016 per Referendum decidéiert ginn. Den Austrëtt aus der EU war fir vill iwwerzeegten Europäer mat engem politeschen Äerdbiewen ze vergläichen. Och wann de Brexit sécherlech e Produkt vun der interner englescher Politik ass, esou muss sech Lëtzebuerg awer froen wéi eng Konsequenzen den Austrëtt fir onst Land huet. Wann ee weess, dass all véierte bis all drëtten Euro an eisem Staatsbudget, direkt oder indirekt, aus den Aktivitéite vun der Finanzplaz kënnt, da versteet ee firwat et wichteg ass sech mam Thema auserneenzesetzen. Banken, Fongen, eis Bourse, Assureuren, Auditeuren, Beroderfirmaen, Affekotebüroen, all des Acteure wäerte méi oder manner direkt vum Brexit betraff sinn.

Fongen: eis gutt Positioun ausbauen

Bei den internationale Fonge si mer déi éischt Finanzplaz weltwäit a mir kënne weider Aktivitéiten unzéien. "Britesch Fongen hunn dee selwechte Problem wéi d'Banken. Géifen si am Fall vun engem Brexit den europäesche Passport verléieren, well si eben an engem Land implantéiert wieren, dat dann net méi an der EU wier, da missten se sech an engem anere Memberland nidderloossen",  esou den DP-Deputéierten André Bauler en Dënschdeg bei der Interpellatioun iwwert de Brexit an der Chamber. Hei ka Lëtzebuerg e puer Trëmp spillen, duerch eise Know-how op der Finanzplaz, mä och duerch eisen héijen Niveau u Liewensqualitéit. "Mir sinn awer besser opgestallt well mer e multilinguaalt an diversifizéiert Ëmfeld hunn", huet den André Bauler weider ënnerstrach.

Banken: weider Atouten duerch Dynamismus

"Lëtzebuerg huet eng ganz dynamesch an innovativ Bankeplaz, mat enger grousser britescher Präsenz, an dofir si mir och fir verschidden Instituter interessant. Eis Virdeeler sinn also net nëmmen de Brite bekannt: flexibel Produkter z.B. am „wealth management“, esou den André Bauler. D'Banke kucken also och op Lëtzebuerg, wa se sech iwwerleeë vu wou aus se hier Geschäfter nom Brexit weiderféiere sollen.

Eis Bourse: laangfristeg villäicht net esou einfach

"Mir sinn eng ganz kleng Bourse, wat de klasseschen Aktienhandel ugeet, mä mir sinn awer ganz staark am Beräich vum internationalen Handel mat Obligatiounen". Dëse Marché ass net op den europäesche Marché limitéiert an esou och manner ufälleg fir d’Konsequenze vum Brexit. E Brexit wier an deem Sënn awer net gutt, well déi international Acteuren d'EU kéinten als manner staarke Partner ugesinn. 

Assurancen: vill Interessi un eiser Plaz

"Wann am Ufank villäicht geduecht gouf, dass dëse Beräich manner vum Brexit impaktéiert wier, sou stellt sech zanter de leschte Méint eraus, dass mer en fait besonnesch hei nei Acteuren unzéie kënnen". Besonnesch nodeems AIG, e groussen amerikaneschen Assureur matgedeelt huet, fir seng Aktivitéiten hei am Land auszebauen, sinn elo aner Acteuren aus dem Sekter nogezunn.

 

 

Chancen a Risike fir eis Finanzplaz

"Esou oder esou, dausende Leit wäerten net vu London op Lëtzebuerg eriwwer kommen", sot den André Bauler zu der Fro wéi vill Plazen de Brexit hei am Land schafe kéint. "Eis Finanzplaz ass ganz dacks komplementar zu där vu London. Konkret bedeit dat, datt wann et hinne gutt geet, da geet et eis och gutt. Mir sinn a bleiwen domadder Partner!

 

view video on chd.lu

D'Brite verloossen d'EU, net ëmgedréint

Den DP-Fraktiounspresident Eugène Berger ass dono nach op déi prozedural Froen agaange wat de Brexit betrëfft. Genau wéi de Michel Barnier, dee vun der EU-Kommissioun mat de Brexit-Verhandlunge chargéiert ginn ass, gesot huet, wäert de Brexit 44 Joer europäesch Relatioune réckgängeg maachen. All Mount soll elo eng Verhandlungsronn vun allkéiers enger Woch sinn.Fir a voller Transparenz ze schaffe ginn d’Verhandlungsdokumenter och online gesat.

Dofir huet den Eugène Berger och betount, dass d'Prioritéit an de Verhandlungen d’Zukunft vun den 3 Milliounen Europäer ass, déi den Ament a Groussbritannien liewen oder schaffen. Si mussen sech nämlech Gedanken iwwert hir Wunnrecht maachen, hir Pensioun, hir Sécurité sociale maachen. "Hei mussen am Interessi vun de Leit Solutioune fonnt ginn!", huet den Eugène Berger däitlech gemaach.

view video on chd.lu


André Bauler

Eugène Berger