Sie sind hier

E President an der Mëtt vun der Gesellschaft!

News Verfassung, Institutionen und Demokratie

De Fernand Etgen ass haut als éischte liberale Chamberpresident vun der DP nom Zweete Weltkrich gewielt ginn.

An der Plenière huet den 1. Bierger vum Land ënnerstrach, datt hien e President wëll sinn, „dee sech an der Mëtt vun der Gesellschaft ophält, ee President fir unzepaken. Fir mech fënnt d’Politik nit um Schreifdësch , mee bei de Leit statt“.

D’Bierger wéilte Politiker, déi nolauschteren, déi fir d’Leit do sinn, déi d’Suergen an d’Problemer am Land erkennen a si och eescht huelen. D’Zil vun der Politik misst si, fir sech mat den Uleies vun de Leit hei am Land ausenanerzesetzen, fir op d’mannst en Ufank vun Äntwert op d’Suergen, d’Froen an d’Problemer vun de Leit e ginn. Dat zemol, well d’Vertraue vun de Bierger an d’Politik déi lescht Jore gelidden hätt.

D’Chamber muss dem Pluralismus vun eiser Gesellschaft gerecht ginn, esou de Fernand Etgen, fräi a kontradiktoresch Meenunge wieren e wesentlecht Stéck vun enger funktionéierender Demokratie.

Fir de Chamberpresident huet d’Parlament 3 essentiell Funktiounen z’erfëllen: déi vun der Integratioun, vun der Kontroll a vun der Initiativ.   

Déi ëffentlech Sëtzungen um Krautmaart iwwerdeems dierfe fir de Fernand Etgen „keng Inzenéierunge sinn, déi un Theater erënneren. Dofir huet de Wieler kee Versteesdemech“. An enger Zäit, wou déi sozial Medien ëmmer méi eng grouss Roll an der politescher Kommunikatioun spillen, misst d’Politik do awer elementar Reegelen anhalen. Dovunner ofgesinn, wier den direkten Austausch mam Bierger („face to face“) absolut noutwenneg fir d’Meenungs- an d’Entscheedungsfräiheet hei am Land.

De Chamberpresident huet ënnerstrach, datt vill Erausfuerderungen op d’Chamber waarde géingen. „Déi wëlle mir mat vill Energie a Motivatioun am géigesäitege Respekt ugoen, fir dem Optrag vun eise Bierger gerecht ze ginn“.

An der Chamber sinn haut déi lescht vun de 60 Deputéiert vereedegt ginn, esou datt d’Plenière elo komplett ass. Fir d’DP waren dat de Guy Arendt, de Frank Colabianchi, d’Joëlle Elvinger, den Eugène Berger, de Gusty Graas, de Fernand Etgen an d’Carole Hartmann.

D’Simone Beissel an d’Lydie Polfer vertrieden d’DP iwwregens am Chamberbüro.


Fernand Etgen