Sie sind hier

Cannabis: Fräigab fir medezinesch Zwecker

News Gesundheit und Pflege Edy Mertens Max Hahn

De medezinesche Cannabis kann also an Zukunft ënnert verschiddene Konditioune verschriwwe ginn. Esou zum Beispill bei Patiente mat enger chronescher Péng, staarkem Onwuel duerch Chemotherapie a bei Patiente mat muskuläre Krämp, zum Beispill duerch eng Multiple Sklerose.

An senger Interventioun huet den Deputéierten Edy Mertens virop ënnerstrach, datt den Hanf wuel déi ëmstriddenst Planz iwwerhaapt wier. Dacks géifen d'Meenungen iwwert de Gebrauch, respektiv Mëssbrauch vun där Planz, diametral géintiwwer leien. "Fir d'DP ass de Cannabis awer keen Däiwelskraut. Dat wëll ech hei eng Kéier ganz kloer soen. Mir verdäiwelen déi Planz net. Dat wëll awer op kee Fall heeschen, datt mir sollten d’Effeten dovunner verharmlosen. D'Informatiouns- an d'Sensibiliséierungsaarbecht dierfen net ze kuerz kommen", esou den Edy Mertens.

Den DP Deputéierte Max Hahn huet Geleeënheet genotzt fir drop opmierksam ze maachen, datt d'DP fir eng komplett Legaliséierung vum Cannabis ass. Dat géing och esou an de Walprogramm stoe kommen. "Eis repressiv Drogepolitik ass gescheitert. Eng Legaliséierung vum Cannabis géif dozou bäi droen d'Kriminalitéit besser an de Grëff ze kréien", esou de Max Hahn.

 


Edy Mertens

Max Hahn