Sie sind hier

COP25: Gemëschte Gefiller a Liichtblécker no der UNO-Konferenz

News Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn Pierre Gramegna

„Time for action“, dat war de Motto vun der COP25 zu Madrid. No den zéie Verhandlungen huet de Max Hahn sech an der Aktualitéitsstonn an der Chamber allerdéngs gefrot, wat vun där Ambitioun nach iwwreg bliwwen ass.

Et wier een enttäuschende Bilan, esou den DP-Deputéierten. Et géif net un ambitiéise Klimaziler feelen, ma um Wëlle fir se ëmzesetzen. De Vizepresident vun der Ëmweltkommissioun vun der Chamber bedauert besonnesch, datt et keng Accord gouf beim Artikel 6 vum Paräisser Klimaaccord, fir e globale System fir den Handel mat CO2-Emissiounsrechter ze entwéckelen. D’USA hätten do eng gutt Iwwerzeegungsaarbecht geleescht.

Green Finance

De Max Hahn huet awer och ee puer Liichtblécker gesinn. Dozou zielt z.B den Asaz vum Finanzminister Pierre Gramegna, wat d’Zesummenaarbecht mat der Europäescher Investitiounsbank am Kader vun der Klimafinanz-Plattform ugeet: „Hei goufen an de leschte Joren eng ganz Rëtsch Initiativen ergraff, fir méi Privat-Kapital unzezéien an esou e maximalen Impakt am Kampf géint de Klimawandel ze erreechen. Mir brauchen an deem Beräich en Zesummespill vun ëffentlechen a vu private Mëttel!“.

 


Max Hahn

Pierre Gramegna