Sie sind hier

Ëffnungszäiten: Gläich Rechter fir de ganze Commerce am Land

News Mittelstand Wirtschaft Claude Lamberty Carole Hartmann

Nom Geriichtsuerteel, dat engem Bäcker vun Déifferdeng Recht ginn huet, fir seng Bäckerei a Konkurrenz zu enger Tankstell mueres éischter opzemaachen, huet d’DP sech haut prinzipiell fir eng Generaliséierung vun den Ëffnungszäiten am Handel ausgeschwat.

De Wirtschaftsministère hat nom Uerteel just dem Liewensmëttelhandwierk eng Derogatioun accordéiert. D’DP dogéint ass fir gläich Rechter fir alleguerten d’Geschäfter, egal aus wéi engem Sekter se kommen.

Bis elo gëllen entweder Ausname fir Uertschaften, déi de Statut vun enger „ville touristique“ kréien oder fir de Commerce laanscht d’Grenzen. Déi Derogatioune gëllen haaptsächlech fir d’Sonndesouverturen. D’DP hätt gären, datt déi onduerchsiichteg Prozeduren duerch transparent Konditiounen ersat ginn, déi de ganzen Handel gerecht behandelen.

Op enger Pressekonferenz hu sech den DP-Generalsekretär Claude Lamberty an d’Carole Hartmann vun der DP-Iechternach de Muere gewonnert, datt an engem Land vun 82 op 58 Kilometer deux poids et deux mesures gëllen. An datt d’Stad Lëtzebuerg muss all Joer op en neits eng Demande maachen, fir de Statut vun engem touristeschen Zenter ze kréien.

An Zäiten, wou d’Liewens- an d’Akaafsgewunnechte vun de Leit staark änneren, wou den Internet 7/7 a 24/24 op ass a wou déi international Tendenz zu méi laangen Ëffnungszäiten geet, misst den Handel op d’mannst d’Chance kréien, fir méi laang opzemaachen. D’Ausnam vun elo misst zur Reegel ginn. D.h. datt e Geschäft, dat extra opmaache wëll, keng Ufro méi muss dofir maachen. Nom Motto „Loosst d’Leit schaffen, wa se wëlle schaffen! A virun allem, wann de Client dat wëll!“

Fir d’DP ass et selbstverständlech, datt d’Detailer mussen am Gespréich tëscht Regierung, Patronat a Salariat gekläert ginn. An dat natierlech am Respekt vum Aarbechtsrecht!

 

 

Weider Informatiounen

Integral Pressekonferenz [méi...]

 


Claude Lamberty

Carole Hartmann