Sie sind hier

Déi ëffentlech Infrastrukturen am Norde vum Land

News Landesplanung und Wohnen

Den Nord-Deputéierten André Bauler huet zu den ëffentlech Infrastrukturen am Norde geschwat. Hien ass op en ganz Rei Projet'en agaangen déi den Norden nach méi attraktiv maache wäerten:

  • de Réidener Lycée an de Lycée zu Klierf,
  • den nationale Sëtz vun der Naturschutzverwaltung zu Dikkrich,
  • déi ugekënnegt Aarbechte laanscht d’N7 beziehungsweis d'B7 an dem Ettelbrécker Contournement,
  • an de Nordstad-Lycée.

Den André Bauler weider: „Mir wëllen, datt Verwaltungen no beim Bierger sinn an dofir däerf den Ausdrock vun der « administrativer Dezentraliséierung » keng huel Floskel sinn, mä eng ganz reell Fuerderung am Intressi vum eenzelne Bierger. Natierlech gëtt et och Zerwisser, déi ëmmer méi iwwer Internet offréiert ginn a wou net méi verlaangt ass, an all Regioun alles unzebidden.

Trotzdem bleift prinzipiell wouer, datt biergerno Verwaltungen och eppes mat Liewensqualitéit ze dinn hunn. Si sti fir eng gesond Entwécklung vum ländleche Raum, besonnesch aus sozialer Perspektiv. Dat gëllt och fir d’Infrastrukturen, déi enger Regioun zur Verfügung stinn.

Weider Informatiounen

Ried vum André Bauler [méi...]

André Bauler