Sie sind hier

D’DP ass fir en europawäit Pelzverbuet

News Mittelstand Tiere Lex Delles Gusty Graas

D’DP ass fir en europawäit Pelzverbuet

An der Chamber ass haut eng Motioun virgestallt a gestëmmt ginn, déi d’Regierung opfuerdert sech op europäeschen Niveau fir en europawäit Pelzverbuet anzesetzen. Domadder gi mir méi wäit wéi d’Piratepartei, déi just e Pelzverbuet zu Lëtzebuerg gefuerdert huet. D’DP wëll och dorobber hiweisen, datt e nationaalt Pelzverbuet géint d’Reegele vum europäesche Bannemaart verstéisst, also net realisabel ass. Wéinst dësen EU-Reglementatioune sinn och schonn änlech Initiativen an England an an der Slowakei gescheitert. Déi eenzeg méiglech Léisung ass also en EU-wäit Verbuet vum Pelzverkaf. An dofir setzt d’DP sech an.

Bei der DP gëtt den Déiereschutz grouss geschriwwen.

D’DP huet den Déiereschutz net eréischt gëschter entdeckt. Am Géigendeel: Ënnert dem DP-Landwirtschaftsminister Fernand Etgen gouf an der leschter Legislaturperiod, zesumme mat villen Déiereschutzorganisatiounen, dat modernsten Déiereschutzgesetz an Europa ausgeschafft.

Am Déiereschutzgesetz vun 2018 gëtt festgehalen, datt d’Déiere Liewewiese mat Gefiller sinn. Dofir missten déi Déiere viru Grausamkeeten oder virum Net-Respekt vun elementare Reegele bei der Haltung, dem Transport oder aneren Aktivitéite geschützt ginn. Lëtzebuerg war eent vun deenen éischte Länner, déi Pelzfarme verbueden hunn. Mëttlerweil si scho 14 europäesch Länner op dee selwechte Wee gaangen. An der Motioun gëtt d’Regierung dofir opgefuerdert, och déi aner EU-Länner a Richtung Verzicht op Pelzfarmen ze beweegen.

Kee Populismus, mä pragmatesch an ëmsetzbar Léisungen.

D’Pirate wëllen, datt Lëtzebuerg als eenzegt Land op der Welt e Pelzverbuet decidéiert. D’DP wëll och, datt zu Lëtzebuerg keng Pelzer méi verkaf ginn, wéinst deenen Déiere musse leiden. Mä d’DP weess och, datt een sech un d’Reegele vum europäesche Bannemaart hale muss an net eppes fuerdere kann, dat net ëmsetzbar ass.

Dofir geet d’DP op de Wee vun enger europäescher Léisung. Well nëmmen esou kënne mer EU-Reegelen änneren an en europawäit Verbuet kréien. An och wann eist Land kéint selwer e Pelzverbuet decidéieren, dann huet e Verbuet eréischt op EU-Niveau den néidegen Impakt, fir wierklech eppes ze bewierken.

Schliisslech ass et immens wichteg, fir d’Konsumenten an dësem Fall ze sensibiliséieren. Well wa kee Pelz méi kaaft gëtt, da muss och kee méi produzéiert ginn. 


Gusty Graas

Lex Delles

 

AnhangGröße
PDF Icon 191119 Motion Pelzverbuet vdef.pdf146.34 KB