Sie sind hier

Méi Autonomie fir d’Lycéeën

News Familie Claude Lamberty Lex Delles

Duerch dat néit Konzept vu „Ënnerschiddleche Schoule fir ënnerschiddlech Schüler“, solle méi geziilt Potenzialer fräigesat an Talenter gefërdert ginn.

„Et sinn déi Jonk Generatiounen, déi gestäerkt aus eisem Schoulsystem erauskomme mussen - fir hier eegen Zukunft, mee och fir d’Zukunft vum Land“,
esou de Rapporter vum Gesetz, den DP-Deputéierte  Claude Lamberty.

D’Modernisatioun vum Lycée huet 6 grouss Prioritéiten :

  • Autonomie : D’Lycéeë sollen an Zukunft selwer hiert pedagogescht Konzept ausschaffen, dat am Beschten op hiert Schülerprofil passt. Dëst betrëfft de Lycéeën hir Offer u Formatiounen an hir pedagogesch Approche.
  • Fërderung vun Talenter : De Schoulprogramm gëtt méi flexibel. D’Schüler kréien doduerch d’Méiglechkeet hir Talenter geziilt ze fërderen a sech a verschiddene Beräicher ze spezialiséieren. Duerch ee méi spezialiséierten Diplom klammen d’Chancë fir duerno op enger Universitéit ugeholl ze ginn.
  • Besseren Appui : Et gëtt och grousse Wäert op d’Nohëllef an op den Encadrement vun de Schüler geluecht. Si léieren nämlech net alleguerte gläich séier. Duerch eng méi kohärent Approche vun de Lycéeë sollen d’Schüler besser betreit a jiddereen do ofgeholl ginn, wou e grad steet.
  • E-Skillz : Déi Jonk solle schonn an der Schoul op d’Welt vum Numérique virbereed ginn. An deem Beräich entstinn nämlech d’Aarbechtsplaze vun haut a muer. Mat der neier „Sektioun I- Informatique et Communication“ gëtt och op Secteure gesat, déi villäicht nach keng laang Traditioun hunn, mee dofir eng grouss Zukunft.
  • Modernt didaktescht Léiermaterial : D’Qualitéit vum Enseignement gëtt duerch adaptéiert Schoulprogrammen an duerch didaktesch méi wäertvollt Léiermaterial verbessert.
  • Eng participativ Approche : Ee weidere Schwéierpunkt läit däitlech op der neier Participatiounskultur. D’Lycéeë sollen den Echange tëschent den Elteren an de Lycéeë fërderen. Fir dëst Partenariat nach ze stäerke gëtt och op nationalem Niveau eng „Représentation des parents» agefouert, déi soll als Porte-parole vun de Schüler a vun den Eltere vis-à-vis vum Educatiounsministère fonktionnéieren.

 

view video on chd.lu


Ried vum Claude Lamberty

 

view video on chd.lu


Interventioun vum Lex Delles

 


Claude Lamberty

Lex Delles