Sie sind hier

Simone Beissel: De Staat gëtt méi transparent, dialogbereet a modern

News Lag vun der Natioun Verfassung, Institutionen und Demokratie Simone Beissel

150 Joer nom Londoner Vertrag, deen de Grondstee geluecht huet fir de Lëtzebuerger Staat wéi mir en haut kennen, ass an der Chamber am Kader vun dem Premierminister Xavier Bettel senger Ried zur Lag vun der Natioun och iwwert d’Institutiounen an de Fonctionnement vum Staat am allgemengen diskutéiert ginn.

D’Simone Beissel huet op dee komplizéierten internationalen an europäesche Kontext higewisen, an deem mir eis de Moment befannen. De Brexit an d’Presidentewahl an den USA si just zwee Beispiller, déi weisen, datt d’Vertraue vun de Leit an d’Institutiounen an de Staat net dat allerbeschten ass.

Datt et och zu Lëtzebuerg Kritiken um Fonctionnement vum Staat gëtt, ass bekannt. D’Simone Beissel lueft dofir déi ambitiéis Ziler, déi sech d’Regierung an hirem Koalitiounsprogramm operluecht huet: méi Transparenz, méi Dialog, zesumme mat de Bierger an de verschiddenen Acteuren d’Problemer vun dësem Land ugoen a Léisunge fannen.

Eng Partie vun hiren Ziler huet d’Regierung dann och schonn erreecht: De Sozialdialog an d’Tripartite goufen nei belieft, d’Simplification administrative gouf mam Omnibusgesetz virugedriwwen an d’Fonction publique gouf reforméiert. Do dernieft steet d’Reform vum Staatsrot kuerz virum Ofschloss an och d’Aarbechten un der Verfassung ginn no de ville gudde Virschléi vun de Bierger gutt virun. Och d’Justiz gëtt zum Deel reforméiert an den Accès zu staatlechen Informatioune gëtt vereinfacht.

Dëst si just e puer Beispiller, déi beweisen, datt de Staat sech ënnert dem Impuls vun der Regierung méi transparent, dialogbereet a modern gestalt.

 

view video on chd.lu


Ried vum Simone Beissel

 


Simone Beissel