Sie sind hier

No vir kucken – mat Courage a Vertrauen

News Lag vun der Natioun Finanzen Gesellschaft Gesundheit und Pflege Wirtschaft Xavier Bettel

Lëtzebuerg stäerken

Mir alleguerten hunn déi de leschte Méint Aussergewéinleches geleescht. Mir hunn et fäerdeg bruecht, gutt duerch d‘Kris ze kommen. D’Zuel vun den Infektiounen ass erop an erof gaangen, mee den Drock op eis Spideeler ass zanter Méint elo niddereg bliwwen.

Mir hunn et och fäerdeg bruecht, fir Aarbechtsplazen ofzesécheren a fir eis Betriber ze stabiliséieren. Mam Chômage partiel a mat enger ganzer Rei un direkten an indirekten Hëllefen, hu mir séier reagéiert. Mat der Verdueblung vun der Allocation de vie chère a mam Afréiere vun de Loyeren, hu mir de sozialen Zesummenhalt am Land garantéiert. Mir hu keen am Ree stoe gelooss.

Perspektive schafen

De Chômage partiel gëtt verlängert a wäert och d’nächst Joer Aarbechtsplazen ofsécheren. Do dernieft gräife mir mat neien Direkthëllefen, deene Betriber a Selbststännegen ënnert d'Äerm, déi weider staark vun der Kris betraff sinn. Domadder gi mir hinnen an hire Mataarbechter déi néideg Sécherheet fir d'Zukunft. Mir loosse si net am Stach.

Chance notzen

Och an noer Zukunft ass eis éischt Prioritéit, fir d'Land  gutt duerch d'Kris ze féieren, Mënscheliewen ze retten, Aarbechtsplazen ofzesécheren an eis Ekonomie erëm ze relancéieren. Mir wäerten awer och d'Chance notzen, déi de Virus eis virun Ae gefouert huet.

Mir hunn e Projet, fir Lëtzebuerg weider ze entwéckelen, fir esou eis Liewensqualitéit z’erhalten, an de groussen Erausfuerderunge fir eist Land, fir eis Wirtschaft a fir eis Ëmwelt gerecht ze ginn. Mir halen un deem Projet fest. Mir wäerten dobäi keng onnéideg Experimenter maachen. Mir wäerte keng Steiererhéijungen aféieren, weder op der Ierfschaft an direkter Linn, nach um Verméigen. Dofir setze mir awer op Innovatioun – och am Kampf géint de Klimawandel –, op méi Zäit fir d'Famill – andeems mir ë.a. den Teletravail fërderen – an op héich Investitioune fir déi nächst Generatiounen.

 


Xavier Bettel